Skip to main content

„Dicks forever“: „Dicks forever“! Bäitrag vum Abreißkalender an der Konstruktioun vum Edmond de la Fontaine als kulturellen Hellege

„Dicks forever“
„Dicks forever“! Bäitrag vum Abreißkalender an der Konstruktioun vum Edmond de la Fontaine als kulturellen Hellege
  • Show the following:

    Annotations
    Resources
  • Adjust appearance:

    Font
    Font style
    Color Scheme
    Light
    Dark
    Annotation contrast
    Low
    High
    Margins
  • Search within:
    • My Notes + Comments
    • Notifications
    • Privacy
  • Project HomeDem Batty Weber säin Abreißkalender (1913-1940)
  • Projects
  • Learn more about Manifold

Notes

table of contents
  1. Coverbild
  2. Titelsäit
  3. Impressum
  4. Logoen
  5. „Dicks forever“! Bäitrag vum Abreißkalender an der Konstruktioun vum Edmond de la Fontaine als kulturellen Hellege
    1. Verschaffe vun der Vita am Abreißkalender
    2. „[D]as Scheusal von Dicks-Lentz-Denkmal“: de kritesche Monument-Diskurs als Deel vum Cultus
    3. “Jede seiner Repliken ist ein Sprachdenkmal, jeder Satz ein Paradigma“: Kulturell Hellegspriechung am Kader vum Centenaire 1923
    4. Literaturverzeechnes

„Dicks forever“! Bäitrag vum Abreißkalender an der Konstruktioun vum Edmond de la Fontaine als kulturellen Hellege

Jeanne E. Glesener

Als Publikatiounsforum iwwert allgemeng Kulturphänomener zu Lëtzebuerg an an der Welt bitt et sech un, dem Batty Weber säin Abreißkalender 1 fir d'Dicksfuerschung ze notzen an e geziilt no der Plaz an den Diskurser ronderëm den Dicks ze ënnersichen. Eng huerteg Recherche an der digitaler Versioun vum AK ënnerstëtzt den Dicksfokus. Se ergëtt 832 Referenze fir den Dicks, wärend seng Dichterkolleege Michel Lentz mat 503 Referenzen an de Michel Rodange mat 104 Referenze present sinn. Den Dicks deet sech deemno als eng wichteg Gréisst am Feuilleton ervir, an et stellt sech d’Fro, wéi seng Presenz vum Weber motivéiert ass a wat fir eng Roll a Valeur hir ënnerläit.

De Weber huet sech och ausserhalb vum AK mam Dicks befaasst, an dat méi ausféierlech a sengem Buch Erënnerongen un den Dicks (1923), dat hien am Kader vun de Feierlechkeete ronderëm den 100. Gebuertsdag vum Nationaldichter publizéiert huet. Den Titel selwer deit de perséinleche Lien tëscht dem Weber an dem Dicks un – déi zwee hunn zäitgläich zu Stadbriedemes gewunnt an de Weber ass als Kand beim Dicks an an aus gaangen. D’Erënnerongen, en ausféierlecht „Lebensbild“, baséieren op Manuskripter a Korrespondenze vum Dicks, perséinlechen Erënnerunge vum Weber a vun Zäitzeien, a beleeë ganz däitlech dem Weber seng Dicksveréierung. Dës gëtt awer, wéi am Follgende wäert argumentéiert ginn, op nodrécklech an nohalteg Aart a Weis am AK bedriwwen. Grad d’Laangzäitexistenz vum AK a seng duerchgängeg prominent Rezeptioun an der Gesellschaft erlaben et dem Weber, en Dickskult ze entwéckelen, deen, sou e weidere Punkt vun der Argumentatioun, d’Konstruktioun vum Dicks sengem kulturellen-Hellege-Status dezidéiert an effizient fërdert. D’Konzept vu kulturellen Hellegen – oder cultural saints –, rezent an der Komparatistik entwéckelt, erlaabt et, d’Veréierung vun Nationaldichter unhand vun enger Rei vu publizisteschen, institutionnellen a memoriellen Facteuren ze beliichten. Och den Diskurser, déi sech am Laf vun der Zäit ronderëm Dichterfiguren entwéckelen, gëtt hei Rechnung gedroen. Wéi dëse Status zustane kéint a wat fir eng Diskurser an Theemen en ënnerstëtzen, gëtt am Follgenden ënnersicht.

Hei gëtt dobäi just eng stéchproufaarteg Iwwersiicht vun der Diskursanalys presentéiert; d’Donnéeë sinn immens villfälteg a sinn och fir aner Analysprisme wéi dee vum kulturellen Hellege-Status ertragräich. Methodesch sinn déi 83 Dicks-Feuilletonen an Theemecluster zortéiert ginn. Eleng dorauser loosse sech schonn opschlossräich Réckschlëss iwwert d’Stellung an d’Valoriséierung vum Dichter erausliesen. Vu datt de Feuilleton zäitgebonnen ass, léisst sech aus de Cluster eng Entwécklung am Diskurs iwwert den Dicks an domadder och vu senger Roll an där vu sengem Wierk, déi de Weber hinnen zu verschiddenen Momenter zouschreift, erausfilteren. De Scanning vun de Feuilletonen ergëtt follgend fënnef Theemecluster: 1) Anekdoten a Biografie (historesch-biografesch Elementer ronderëm den Dicks a seng Epoch), 2) Dicks-Lentz-Denkmal (seng Geschicht an dem Weber seng virulent Ofleenung vum Monument), 3) Koméidisstécker (Mumm Séiss (1855), De Scholtscheîn (1856) an D’Kirmesgèscht ((1856), 4) den Dicks als Autoritéit an Ophänker fir Alldeegleches a Kulturelles a schliisslech 5) de Centenaire vun 1923.

Fir d’Ausgangsiddi, awéifern den AK dozou bäidréit, de kulturellen Hellege-Status vum Dicks ze zementéieren, auszeféieren, gräifen ech op de Cultural-Saints-Paradigma zeréck, deen an der komparatistescher Fuerschung iwwer kleng literaresch Kulture vum Sloven Marijan Dović an dem Islänner Jon Karl Helgason an hirem Wierk National Poets, Cultural Saints. Canonization and Commemorative Cults of Writers in Europe (2017) entwéckelt ginn ass. Dobäi geet et hinnen drëm ze weisen, wéi Schrëftsteller an Dichter zu Schlësselfiguren am kulturelle Gediechtnes vun Natiounen gi sinn:

„our definition of cultural saints applies to departed artists and intellectuals that have been singled out as leading representatives of their regional or national culture and are made to embody certain elementary cultural and political ideals, hence appropriating a social status and symbolic significance that has traditionally been reserved for regal authorities and religious saints.“ (Dović an Helgason 2017, 3)

Zentral fir hiert Konzept ass de Prozess vun der Kanoniséierung, deen et erlaabt, sech gläichzäiteg op de Status vun de „kulturellen Hellegen“ ze konzentréieren an op Acteuren a Prozesser, déi am Noliewe vun de sougenannten Hellegen de Wee fir déi offiziell an unhalend Confirmatioun vum Status begleet hunn. Si identifizéieren eng ganz Rei Analogien tëscht der reliéiser a kultureller Hellegspriechung, déi „as a starting point for an investigation into possible religious extensions of allegedly secularized national movements“ dingen (ibid). Sou ass zum Beispill d’Veréierung vum Corpus ganz änlech: Wärend dem reliéisen Hellege säi Corpus aus dem erzielten tugendhafte Liewen, virbildleche Verhalen a Wonner besteet, dem kulturellen Hellege säin awer virun allem aus literaresche Wierker, waren d’Transmissiounsprozesser erstaunlech änlech. Dat léisst sech unhand vun der Reproduktioun, der Appropriatioun, der kreativer Multiplikatioun, der professioneller Exegèse an der systematescher Indoktrinéierung iwwert de Wee vun der Educatioun novollzéien (vgl. ibid, 4). Den Dović an Helgason gesinn de Méiwäert vun hirer Approche dodran, datt se et erlaabt, den emotionalen Impakt vun der Veréierung vu Schrëftsteller am ëffentleche Raum ze erfaassen (vgl. ibid, 6).

Hir Approche baséiert op den dräi Haaptnotioune Kanoniséierung, Vita a Cultus.

Der Kanoniséierung kommen zwou grondleeënd Funktiounen zou: Verweist se engersäits op déi institutionaliséiert Veréierung, sou leet se anerersäits de wäitgräifenden Impakt vun der Veréierung am gesellschaftleche Beräich duer:

„the notion of cultural saints connects the secular and the religious in a way analogous to the concept of canonisation. In both cases, one can think of the canonized scripture (holy texts and artworks) and canonized individuals (the canon of saints and canonized artists), but one can also see the canon as a ritual (the veneration of saints and the veneration of great artists as cultural saints), and even as legislation (canon law, formal canonization procedures, and, on the other hand, secular instructions, conventions, and even laws that regulate the production of memorials, state holidays, christenings, and school curricula)“ (ibid, 74f.).

D’Konzept vun der Kanoniséierung erweist sech deemno als en effizienten heuristeschen Tool fir d’Noliewe vun de kulturellen Hellegen ze ënnersichen.

D’Notioun vu Vita bezitt sech op d’Potential vun enger Persoun, där hier Wierker an Doten zu enger Kanoniséierung féieren. A spéideren Epochen ginn d’Doten a Wierker dann dacks als acta sanctorum (vgl. ibid, 75) ugesinn. Déi wichtegst Proprietéiten, déi dat literarescht Wierk muss hunn, sinn d’Konstruktioun vun der Natioun hirer Vergaangenheet an Zukunft, d’Erweiderung vum Repertoire an d’Erhéijung vun engem ästheeteschen Niveau (vgl. ibid, 77). Gläichzäiteg ass den Asaz fir déi national Cause, Opklärung, Educatioun, an d’Etabléiere vun nationalen Institutiounen och Deel dovun. Märtyrertum, Leiden an d’Opfere fir d’Gemeinschaft kënne grad esou zu der Vita gehéieren (vgl. ibid).

D’Kategorie vum Cultus, déi fir eise Propos méi relevant ass, gëtt follgendermoossen definéiert:

„the category of cultus relates to the posthumous voyage of the author and his or her legacy. In this respect, one can consider how saints’ days were given special significance, how (sacred) places were designated, how relics were preserved and displayed in (secular) reliquaries, how the artistic corpus was preserved and continually reproduced, how various places and institutions were christened in the saints’ names, how the saints’ effigies and icons have been (re)reproduced, and how rituals developed along with the saints’ legacies.“ (ibid)

Cultus beschreift deemno d’Mesuren an d’Aktiounen, déi d’Noliewe vu kulturellen Hellege fërderen an si am kulturelle Gediechtnes verankeren: Reeditioune vun de Wierker, reegelméisseg Opféierungen, Commemoratioune beim Ulooss vu Gebuerts- an Doudesdeeg, Veréierung oder Expositioun vun de perséinlechen Objeten a Muséeën an Ausstellungen an déi transgenerationell Vermëttlung iwwert de Wee vun der Educatioun (vgl. ibid, 78).

D’Theorie ronderëm de Cultural-Saints-Paradigma bitt deemno eng ganz Rei vun interessanten Unhaltspunkter, fir sech d’Verschaffe vum Dicks senger Biografie, sengem Wierk a senger Wierkung méi genau am AK unzekucken. Wéi Dović an Helgason ënnersträichen, waren de Kult, d’Veneréierung an d’Hellegspriechung vu Persounen ëmmer schonn Deel vum gemeinschaftleche Liewen zënter der Urgeschicht, an déi reliéis a sekulär Veréierung waren ëmmer enk matenee verbonnen. D’Wuertfeld vun der reliéiser Veréierung, respektiv de Lien tëscht Relioun a Kultur, léisst sech och zu Lëtzebuerg scho fréi am Diskurs iwwert d’Nationaldichter erëmfannen. Sou zum Beispill am Kader vun de Feierlechkeete vun der nationaler, politescher an institutioneller Unerkennung vum Michel Rodange. Am zweete Fascicule vun der Jongheemecht vun 1926, déi déi kulturell Hellegspriechung vum Auteur vum Renert virbereet, liest een:

„Gleckleche Rodange, dass du önnerm Buedem leis! D’Zeidonge gin ’lo Extra-Nummern eraus; Kommissio’ne gin agesât, an eso’guer de’, de’ zo’ denger Zeit net fèrdeg go’fen dech z’erwöttern, lafe mam Trapp virun. Haut huet eng Klick, grâd we’ beim Lentz, Dicks a Spoo, dech helleg gesprach, an duerge’nt darf kên opmuxen, soss gêt et him fir de Kapp. De’ Apostel, de’ eppes vun der Sâch verstin oder wölle versto’en, stèlle Sätz a Behâptongen op, de’ mir richtewèch Leit we’ de ‚Glaubefestechleg‘ unhuele mussen. Kaum haten s’em Dicks d’Râchfâs vrun der Nues geschwänkt, do trompätte se dir schon de Mangnificat. Se kommen ê fir we’ de ‚sche’ne Je’sepchen‘ um Pärdsmârkt, dén haut Prabelien a muer Maisfâle fêlhuet.“ ([E von der âler Erd] 1926, 19)

Och wann d’Wuertfeld vun der Hellegspriechung hei zwar däitlech kritesch a satiresch agesat gëtt, ass et interessant wëll et déi zeremoniell a kanonsiéierend Aktivitéiten an Terme vun enger Hellegspriechung souwuel faasst wéi och entlarvt.

E puer Méint drop, de 16. Dezember 1926, fënnt een an engem AK-Feuilleton, dee souzesoen d’Apotheos vun Dicks-Lentz-Rodange zelebréiert, e ganz änlecht Wuertfeld. Allerdings si mer hei net méi an der Kritik, mee an dëser imaginéierter an humoristescher Skizz, kommentéieren den Dicks an de Lentz déi verspéit Kanoniséierung vum Rodange. Den Dicks an de Lentz ginn am Hades op der „Asphodeloswies an dem Perch spaze’eren, de fir d’Poe’ten ofgedeelt ass“, heescht et do. Se ënnerhale sech iwwert d’Rodange-Zeremonien an de Lentz ass getouft, wëll d’Lëtzebuerger säin honnertste Gebuertsdag 1920 net gefeiert hunn. Dem Dicks säin 1923 war dogéint mat groussem Pomp zelebréiert ginn:

„Lentz: [...] Dein honnertste Geburtsdaag ass jo gefeiert gin, a mein net. Den 21. Mä 1920 hätte missen all Klacken am Land lauden, an all Museken a Gesanksvereiner hätte missen d’Hemecht an de Feierwon sangen a spillen, a Rieden hätte misse gehale an de Fiendel geschwonge gin an d’Zeidongen hätte misse laang Artikelen iwwer mech brengen.“ (AK 16. Dezember 1926)

Schliisslech meckert de Lentz och nach, datt fir de Rodange eng Kantat geschriwwe ginn ass.

D’Absenz vu rituellen Akten, déi de Lentz bedauert, resp. de rituellen Appart, dee fir dem Rodange seng Veneréierung an d’Rulle bruecht gëtt, weist, wéi déi sekulär Veréierung a reliéisen Terme present war.

Verschaffe vun der Vita am Abreißkalender

D’Theemecluster ronderëm den Dicks am AK loosse sech mat Hëllef vun de Kategorië vu Vita a Cultus faassen. D’Vita, fir déi sech den Theemecluster „Anekdoten a Biografie“ ubitt, spillt eng manner prominent Roll, ma vu datt de Weber sech als éischten ausféierlech mat der Biografie vum Dicks befaasst huet, kënne mer se hei net ausser Uecht loossen. Am AK ginn d’Erënnerunge vun ënnerschiddleche Leit un den Dicks ëmmer erëm opgegraff, sief et déi vum Dicks sengem Wënzer-Noper zu Stadbriedemes oder dem Moler Franz Heldenstein seng un den Dicks als Kand. Ma och dem Dicks seng sëllegen Exploiten a verschiddene Beräicher – säin Diplom als beschte Rommelziichter vum Cercle agricole, säin Intressi fir d’Sprooch, de Folklor, d’Spréchwierder, seng Aktivitéiten als Erfinder a seng Funktioun als Riichter, déi den Dicks, änlech wéi de Goethe, als Polyhistor auszeechnen, ginn zesummebruecht.

An den Erënnerongen vun 1923 schreift de Weber ganz andrécklech iwwer seng Bekanntschaft mam Dicks. Hien huet en fir d’éischt als Papp vu senge Spillkomeroden kennegeléiert an doduerch en Abléck an d’Alldagswelt vum Dicks kritt. Dëse privilegéierten Zougang zum Dicks sengem Liewen hieft de Weber a sengem Text ervir an erlaabt him, sech am Kontext vun der Preparatioun fir d’Feierlechkeete ronderëm den 100. Anniversaire souzesoen als Autoritéit iwwer den Dicks ze affirméieren, wéi follgend Zitat weist:

„Et ass scho muneches iwer den Dicks geschriwen a gesot gin, mä ech ka vleicht dat ênt an ‚t anert soen, wat anerer net eso‘ wossten. Mei Lieweswë ass eng Zeit lang mat dem Dicks sengem zesumme gelaf. 16 Jor aus menger Kanner- an aus menger Jongenzeit hun ech am selwegten Duerf geliewt, ewe‘ den Dicks, a mat de’ sche’nste Stonnen dervun an sengem Haus, als Komerot vu senge Kanner. Ech wêss durfir vleicht eppes me’ vun em, we’ aner, de’ e kaum kannt hun, a wann der fandt, dass ech mat gro’sser Le’wt a Vere’rong vun em schwätzen, da wësst der elo, dass dat net u’geliest, mä erliewt ass.“ (Weber 1923, 7f.)

D’Erënnerongen sinn awer méi wéi just e perséinleche Réckbléck. D’Ambitioun, eng detailléiert biografesch Iwwersiicht ze ginn, steet däitlech am Vierdergrond: nieft der Geschicht vun der Famill de la Fontaine, gëtt de Weber en opschlossräichen Iwwerbléck iwwer dem Dicks seng literaresch Karriär, grad ewéi seng Lafbunn als Affekot a Riichter a seng aner Intressegebidder (Wëssenschaft, Folklor, Sprooch, Harmonieléier), seng Studien an awer och d’Geschicht vu senger Famill.

Vill Episoden aus der Biografie – dat Ugeliesent an dat Erlieftent – sinn eng éischte Kéier am AK presentéiert ginn, sou wéi déi, wou den Dicks dem jonke Weber d’Lidd vun der „Kadette vun der Sprëtz“ bäibréngt:

„Jawohl, ich weiß noch, wie ich als zehnjähriger Junge an dem Spinett neben Dicks stand und wie er mich seine ‚Kadette vun der Sprëtz‘ und seinen ‚Kanonéier‘ singen lehrte. Einmal kam Besuch, viele städtische junge Herren und Damen. Ich entsinne mich noch, dass einer mit einem Monocle dabei war. Da musste ich die Kadetten singen und den Kanonier. Ich freute mich hämig als es aus war und ich mit Freund Fritz und der Bande, die damals zusammen gehörte, wieder hinaus durfte. Seit jenen Kindheitstagen ging der schöne Gottlieb Hurra lebendig durch meine Vorstellung.“5

Op dëser Plaz sief erwäänt, datt dem Weber säi Stéck Et war emol e Kanonéier – Vollëcksstëck an drei Retro-Akten vun 1915, e puermol am AK opgegraff gëtt a wann, dann ëmmer am Zesummenhang mam Dicks senger Mumm Séiss oder de Geescht vun 1856. Dat ass wéineg verwonnerlech, wann ee weess, datt dem Weber säi Stéck ausdrécklech an der Filiatioun vun der Mumm Séi’s steet. Wéi de Ian De Toffoli et a senger Analys iwwer dem Weber seng Theaterstécker ervirhieft, ass de Kanonéier eng Zort historesche Virtext vun der Mumm Séiss, deen där hir tragesch Libesgeschicht mam Gottlieb Hurra opschafft an an e konkreten historesche Kontext setzt. De Weber initiéiert domadden, sou den De Toffoli, den historeschen Drama an der Lëtzebuerger Literatur an emanzipéiert sech gläichzäiteg vum Meeschter vum Kaméidisstéck (vgl. De Toffoli 2017, 207-216).

Den AK-Feuilleton vum 23. Januar 1923 ass fir d’Konstruktioun vun der Vita wesentlech: De Weber liwwert hei Informatiounen, déi hien deelweis vum Dicks selwer, vun deem senger Fra a vun Altersgenosse vum Dicks kritt huet. Hien ernimmt hei déi äis haut gutt bekannten Elementer aus der Schrëftstellerlegend: Wéi et zum Spëtznumm Dicks koum, seng duerch d’Riedelen ausgeléisten Infirmitéit vum lénkse Been, seng Kannerzäit asw.:

„Weil Dicks im Gehen behindert war, hatte sein Vater ihm ein Wägelchen angeschafft, das mit einem Esel bespannt war und mit dem er aus der Stadt nach dem Limpertsberg und zurück kutschierte. Das machte ihn schon als Kind zu einer bekannten Figur in der Stadt.

Draussen auf Limpertsberg stand ein Wirtshaus, das „beim Kadusch“ hiess und wo die Metzger, wenn sie vom Viehhandel kamen, einzukehren und einen Schoppen zu trinken pflegten, ehe sie nachhaus gingen. Bei diesen war der kleine Dicks sehr beliebt, weil er ihnen gelegentlich ein Kälbchen auf seinem kleinen Wagen in die Stadt fuhr. Und wenn einer ihm hätte etwas zuleid tun wollen, so hätte er es mit der ganzen Metzgerzunft zu tun bekommen.

Franz Heldenstein, der den Dichter in seiner Jugend kannte, erzählte mir, dass eines Tages eine preussische Schildwache am Neutor dem Esel heimlich ein Stückchen brennenden Zunder ins Ohr steckte. Das Grautier nahm Reissaus und war nicht mehr zu bändigen. Sporenstreichs rannte es mit dem kleinen Wagenlenker und seinem Spielgenossen durch die Stadt, über den Krautmarkt, an der Kammer vorbei in einen Porzellanladen [...].

Die Tatsache, dass sich derartige kleine Erlebnisse aus der Kindheit des Dichters im Gedächtnis seiner Zeitgenossen so lange erhalten haben, ist der beste Beweis dafür, dass er später mit seinen Werken zum Liebling des Volkes geworden war.“ (AK 23. Januar 1923)

Dëse Feuilleton ass tatsächlech grondleeënd fir d’Konstruktioun vun der Schrëftstellerlegend. De Weber ënnersträicht hei kloer de Lien tëscht dem Liewen an dem Wierk vum Dicks a geet esouguer esou wäit ze behaapten, datt d’Erënnerungen un dem Dicks seng Spiichten aus der Kannerzäit am kollektive Gediechtnes an den Erfolleg vum spéidere Kaméidisstéckschreiwer an enger Kontinuitéit stinn.

Nieft sengem Bekanntheetsgrad duerch d’Kandheetsanekdoten a senger Schrëftstellerei kann een och erwänen, datt dem Dicks säi Wierk kuerzzäiteg als Markenzeeche gebraucht gouf. No der Opféierung vum Scholdschäin huet d’Firma Adolph Cary eng Zort Tubak, de Porto Rico vermaart an dat unhand vum Bild vum populäre Personnage vum Schaaschtechbotzer vum Rouscht, dat de Moler Sinner vun Ettelbréck fir déi éischt Scholdschäin-Ausgab entworf hat. Dëse wirtschaftlechen Néierschlag ausserhalb vum literaresch-kulturelle Beräich kann als e weidere wichtegen Aspekt an der Vita vum kulturellen Hellegen Dicks gesi ginn. Dës Dimensioun fanne mer iwwregens haut erëm, woubäi et lo den Dicks selwer ass, deen als Markenzeechen agesat gëtt, an dat vu Vinsmoselle, wou hien der Wäigamme Château Edmond de la Fontaine säin Numm gëtt.

De privilegiéierten Zougang duerch déi eege Kandheetserënnerungen, d’Bezéiung zum Dicks a senger Famill, d’Erliewe vum Dicks am sozial-gemeinschaftleche Liewen zu Stadbriedemes, Objeten, perséinlech Korrespondenz a Manuskripter maachen dem Weber seng Erënnerungstexter, am Wierk vun 1923 an am AK, gläichzäiteg zu enger Biografie a Wierkbiografie an zwar dowéinst, wëll hien en Abléck an d’Genetik vum Dicks sengem Wierk gëtt. Wann hien, wéi dat am AK vum 22. September 1922 de Fall ass, dem Dicks seng Sammlung a Fuerschung zu de Spréchwierder als Virtext vum dramatesche Wierk gesäit, dann ass dat en zentralen Ausgangspunkt fir d’Wierkexeges a fir ze verstoen, wéi dem Dicks säi villfältegt Œuvre intern zesummenhänkt. Bal schéngt et, wéi wann d’Koméidisstécker en Zoufallsprodukt vun der Spréchwuertfuerschung wieren: „Nur aus den Werken von Dicks sind Redensarten in den Volksmund übergegangen, und vielleicht hatte er manche davon seinerseits schon dem Schatz volkstümlicher Redensarten übernommen.“ (AK 22. September 1922) Dës Iwwerzeegung féiert de Weber an den Erënnerongen méi wäit aus:

„Spe’der gët en sech drun, d’lëtzeburger Sprëchwider ze sammeln, an ech menge mech net ze ire, wann ech soen, e wär durch de’ Beschäftegong êgentlich ere’scht derzo’ komm, seng Kome’distëcker ze machen. Schon dat e’scht, de Scholdschein, ass mat lëtzeburger Sprëchwieder gespëckt. An der Mumm Se’ss ass de Sprochmates eng lieweg Sammlong vu Sprëchwierder. [...] Neng Mênt no der Mum Se’ss kommen d’Kirmesgäscht; de sin erem gemât, fir all de’ al lëtzeburger Volleksliddercher ënnerzebrëngen, de’ den Dicks an der Zeit gesammelt hat.“ (Weber 1923, 12)

Dem Dicks säi sproochhistoreschen Intressi ass, wéi éinescht schonn erwäänt, Deel vu senger Persona als Polyhistor a seng villfälteg Beschäftegunge kënnen dem Cultus zougeuerdent ginn. Am Theemecluster kënne se an der Kategorie „Dicks als Autoritéit fir Politik, Alldeegleches a Kulturelles“ klasséiert ginn. Déi alldagshistoresch Beschäftegung an déi villfälteg Intressen, déi den AK ausmaachen, wéi d’Anne-Marie Millim et gewisen huet, ass dacks eng Geleeënheet fir alt mol rëm eppes iwwert den Dicks oder säi Wierk ze erzielen. An enger Iwwerleeung doriwwer, op „Sonnentage“ meeschtens op „Sondësser“ falen, an de Verglach vun der Sonn mam Feier, gëtt als Bekräftegung vun der Iwwerleeung vum Dicks zitéiert: „Denn sie [die Sonne] ist wie die Liebe, von der Dicks sagt: D’Le’ft mei Kand, dat aß e Feier.“ (AK 17. Februar 1921) An am Kommentar zu der Ëmfro „Wollen Sie lieber Mann oder Frau sein?“ aus enger Paräiser Zeitung, heescht et am AK vum 30. Juni 1921: „Dicks singt in einem seiner bekanntesten Lieder, der Teufel habe die Hand im Spiel gehabt, dass er kein Mädchen wurde: O wat hätt ech mech kësse geloszt!“ All Kéier wann d’Biedermeier-Zäit zu Lëtzebuerg beschriwwe gëtt, mat de Baler a Ritualer vun de bourgeoisë Familljen, gëtt den Dicks souwuel als Zäitzeie wéi och mat sengem Wierk opgeruff. Bei der Geleeënheet, wou de Weber eng Postkaart mat der Missive kritt „der 13., ein Freitag und Neumond – sicher nicht mehr dagewesen seit der Mumm Séiss“, dann ass dat net nëmmen interessant, wëll ee gesäit, datt d’Mumm Séiss als eng eegestänneg Gréisst, en historescht Evenement an als Stéchdatum fest am kollektive Gediechtnes verankert ass, ma och wëll dës Bemierkung vum Postkaarteschreiwer de Weber dozou verleet, der Mumm Séiss hier Perennitéit a Wierkung ze ënnersträichen an se, lassgeléist vum weltlechen Zäitgeschéien, als eng éiweg Wourecht, déi iwwert allem trount, ze beschreiwen:

„Das sind 68 Jahre her. Die Franzosen balgten sich den Türken zulieb mit diesen und den Engländern zusammen gegen die Russen, in den Zeitungen las man nur von der Belagerung von Sebastopol, die Königin von England wurde begeistert in Paris gefeiert, in Luxemburg stritt man sich darum, ob der Staat oder eine Gesellschaft die ersten Bahnen bauen sollte, vor der Hauptwache am Paradeplatz standen Kanonen und dahinter stand der Cercle, in dem die Stücke von Dicks gespielt wurden, im Athenäum bekam ein gewisser Heinrich Kirpach aus Mamer auf Quinta den ersten Akzessit, ein gewisser Charles Simons den fünften und ein gewisser Paul Eyschen auf Sexta den dritten, während ein gewisser Tony Dutreux seine Gymnasiastenlaufbahn auf Prima als Erster mit dem ersten Preis abschloß. Der Weizen kostete 32-33 Franken pro Hektoliter, der Hafer 8. 50-9.50, die Butter 16 bis 18 Sous das Pfund. Eine Lehrerin bekam 700 Franken Jahresgehalt und 6 Franken monatliche Wohnungsentschädigung, und bei D. Elsen, rue du Gouvernement, 6, waren ‚neu und frisch angekommen holländische Häringe, Laberdan und Sardinnen‘. Und im Roten Brunnen traten die preußischen Arrestanten das Wasserrad und auf dem Glacis erschollen preußische Kommandos und bestie[f]elte Beine flogen im Parademarsch wie geölte Blitze. [...] Es sind erst 68 Jahre her, und die Welt hat sich seither umgewandt, wie ein Handschuh. Aber die Mumm Se’ß ist immer noch jung.“ (AK 14. Juli 1923).

A wann et ëm d’Renovatioun vum Stadtheater geet an d’Wichtegkeet ënnerstrach gëtt, den Theater „als Kulturwerkzeug den Luxemburgern wert und unentbehrlich zu machen“, da soll dat selbstverständlech och iwwert dem Dicks seng Theaterstécker lafen:

„Angenommen, zum nächsten Karneval täte sich eine Gesellschaft zusammen und gäbe die Losung aus: Ein Ball mit lauter Figuren aus den Stücken von Dicks. Herr Jules Vandivoet würde aus der Bühne ein anheimelndes Stück Alt-Luxemburg machen, im Saal trieben sich alle die pittoresken Persönlichkeiten um, die Dicks geschaffen hat, der Schornsteinfeger und der schöne Kanonier, der Papschossel und der Hexenthommes, die Mumm Se’ß und die pretiöse Frau Tulipant und die Mary und die Kätty und Lisy mit ihren Freiern usw.“ (AK 30. Oktober 1923)

Op iwwert de Radio, de Film, de Wäin, d’Meteo oder de Marber-Atelier Hubert Jacquemart geschwat gëtt, et léisst sech ëmmer eng Referenz op den Dicks placéieren. Grad an deem Sënn gëtt hien als Universalreferent etabléiert – säi Liewen a säi Wierk loosse sech erunzéien an als Garant asetze fir en Argument ze bekräftegen.

„[D]as Scheusal von Dicks-Lentz-Denkmal“: de kritesche Monument-Diskurs als Deel vum Cultus

Als wichtegsten Deel vum Cultus kënnen déi siechzéng Feuilletone ronderëm d’Dicks-Lentz-Monument ugesi ginn. Dem Weber seng Kritik um Monument ännert sech vum éischte Feuilleton vum 17. Juli 1917 bis de leschte vum 19. Juli 1939 doriwwer net. An deelweis laangen a sech widderhuelende Passagë kéint hien ëmmer rëm op d’Geschicht vum Monument ze schwätzen. Grondargumenter fir dem Weber seng Kritik sinn dem Monument säi kolossalen Echec wat d’Würdegung vum Dicks ma awer och vum Lentz ugeet, d’Geréngschätzung vun der Literatur vu Säite vun der Politik, déi et dem Weber no ausdréckt, déi mësslongen Ästhetik an de Sammelsurium Kuriosum, doduerch datt et d’Dichter, d’Natioun an d’Vollek vereent.

Zur Geleeënheet vun de Feierlechkeete vum 100. Anniversaire gëtt d’Geschicht dann nach emol laangootmeg erzielt:

„So oft man die Geschichte dieses Denkmals erzählt, man erzählt sie nie zu oft. Nach dem Tod de la Fontaine’s war ein Fonds für ein bescheidenes Denkmal gesammelt, als Michel Lentz starb und von oben herab dafür Propaganda gemacht wurde, daß das geplante Denkmal für beide Dichter gemeinsam errichtet würde. Nachdem dann dieser Gedanke Fuß gefaßt hatte, kam die zweite Etappe: Es hieß, im Grunde genommen sei die schriftstellerische Bedeutung von Dicks und Lentz nicht derart, daß sie an und für sich ein Denkmal verdient hätten. Und zuletzt wurden sie dann unter ein Denkmal für unsern Unabhängigkeitsgedanken subsumiert und Wange an Wange an das Postament geheftet, über dem der luxemburger Löwe thront. Man war bisher gewöhnt, gekrönte Häupter mit ihren Gemahlinnen auf diese Weise Wange an Wange verewigt zu sehen, nicht aber zwei Dichter, die ihrem Wesen nach nicht zusammen gehörten und sich im Leben ihrer Grundverschiedenheit notorisch bewußt waren.“ (AK 24. Juli 1923).

Dësen Extrait gëtt e gudden Abléck an d’Planung an d’Initiative ronderëm d’Opriichte vun engem Monument, déi fir de Prozess vum Cultus wichteg sinn. Grad un dësem Beispill loossen sech nämlech d’Enjeue vun de verschiddenen Acteuren, déi an der Monumentaliséierung implizéiert sinn, däitlech gesinn. Donieft kéint hei dem Weber seng Roserei iwwer déi verpasste Geleeënheet, fir den Dicks an engem eegestännege Monument ze éieren, kloer zum Ausdrock.

Ëmmer rëm kritiséiert de Weber d’Politik a speziell de Paul Eyschen wéinst sengem Amëschen an d’Iddi vum Denkmal an sou heescht et den 8. Oktober 1920:

„Der Politiker und Utilitarist Eyschen wollte von einer Huldigung an die zwei Nationaldichter in literarischem Sinn nichts wissen. Sie hatten für ihn nur insofern Bedeutung, als sie im Volk den Nationalitätsgedanken, alias Vaterlandsliebe zu wecken und zu stärken geeignet waren. Und da Lentz dies viel deutlicher besorgte und in seinen Liebesgedichten an die Heimat gleich auf’s Ganze ging war er für Paul Eyschen weitaus der Grössere der Beiden“ (AK 8. Oktober 1910).

De Weber ënnerschätzt hei awer d’Wichtegkeet vun der Unerkennung vun der Literatur duerch Politik, wëll och wann d’Wäertzouschreiwung limitéiert ass, ass dëst Zesummewierke fir déi institutionell Unerkennung am ëffentleche Raum eminent wichteg.

D’Monument ass dem Weber awer ganz manifest en Dar am An an hien huet näischt Guddes iwwert et ze soen; de Léiw uewen um Denkmal gëtt ëmmer als „Puddel“ oder „Nationalpuddel“ beschriwwen, hie schwätzt och vum „Scheusal von Dicks-Lentz-Denkmal, das nicht Fleisch und nicht Fisch ist“; et ass einfach nëmme „grotesk“ (AK 8. Oktober 1920). Hie militéiert dowéinst fir getrennten Denkmäler, wëll den Dicks an de Lentz sech ni gring waren a wëll jidderee fir sech säin eegent Denkmal verdingt hätt. A grad hei léisst sech dann eng wichteg Aktivitéit fir de Cultus gesinn: En Erënnerungsuert schafen, wou de kulturellen Hellegen a senger Eegestännegkeet ka gefeiert ginn, eng Veréierung, déi am Sammelsurium-Monument net esou ka gesteiert ginn.

Am Theemecluster vum Monument léisst sech iwwert d’Zäit eng manifest Evolutioun am Diskurs erausliesen. Wa sech an de Feuilletone vun 1917 bis 1923 haaptsächlech iwwert de Veréierungsechec opgereegt gëtt, kéint vun 1937 en Diskurselement dobäi: Dem Dicks säi Wierk gëtt net méi just als Ausdrock vun der Eegenaart vum Vollek zelebréiert, ma de Weber setzt geziilt op de Lien tëscht Sprooch, Vollek, Identitéit an Eegestännegkeet an etabléiert den Dicks als Träger, Vermëttler a Conservateur dovun. D’Wierk, aus dem Vollek ofgelies, wierkt an d’Vollek zeréck:

„In unsern Tagen, wo wir es besonders nötig hätten, unsere Vergangenheitswerte herauszustellen, weil sie den Glauben an unser Recht auf Eigenart stärken, da wäre es für uns eine geradezu nationale Pflicht, der Erinnerung an einen der luxemburgischsten Luxemburger einen dauernden Anhalt- und Mittelpunkt zu schaffen.

Wir sind hier seit der Jahrhundertfeier seines Geburtstages immer wieder für die Errichtung eines Denkmals für Edmund de la Fontaine eingetreten. Er hätte es sicherlich viel eher verdient, als Johann der Blinde, denn er hat uns schon selbst in seinen Werken ein Denkmal für unsere völkische Eigenart errichtet. Seine Lieder sind in Text und Melodie das getreue Echo unseres Wesens, und sie werden im Volksmund immer fortleben, so wenig auch verhältnismäßig für ihre Verbreitung im Volk von den Organen getan wird, die eigentlich dazu da wären. Wenn man seine Werke nur flüchtig durchblättert, ist man freudig erstaunt über die Vielfältigkeit der Gestalten und Schauplätze, in denen das ganze Land und das ganze Volkstum sich spiegeln.“ (AK 22. Juli 1938)

D’Virwéie vum Zweete Weltkrich bedingen dës nei Etapp am Diskurs, deen sech an de méi largë Kontext vun der Beweisféierung vun der kultureller a gemeinschaftlecher Eegestännegkeet, déi um Virowend vum Krich mat Urgence bedriwwe ginn ass, wéi d’Feiere ronderëm de Centenaire vun der Onofhängegkeet 1839-1939 et beleeën, aschreift. Domadder gëtt der Literatur an der Sproochfuerschung, an domadder der Philologie allgemeng, eng maassgeeblech Roll an der Ausformuléierung vum identitäre Selbstverständnis zougeschriwwen:

„Wir müssen uns klar darüber sein, daß es sich bei Dicks nicht nur um den Verfasser und Komponisten von luxemburger Liedern und Theaterstücken handelt, sondern daß er der erste war, dessen Gesamtwerk die Bedeutung unserer Sprache für unser Volkstum, unsere Eigenart, unser Recht auf Eigendasein beweist. Er ist groß nicht nur als Dichter und Musiker, sondern vor allem auch als Durchforscher unseres Sprachschatzes und unserer Volksseele.

Und darum gebührt ihm ein Denkmal im Herzen der Hauptstadt und damit im Herzen des Landes.“ (AK 19. Juli 1939)

Den Denkmal-Diskurs ass ausdrécklech souwuel un déi reell wéi iwwerdroe Monumentaliséierung vum Dicks gebonn. De Weber gräift ëmmer rëm déi Beräicher op, déi fir de Cultus entscheedend sinn: d’Ausernanersetzung mam Wierk, d’Etabléierung vun enger Huldigungs- oder Veréierungsstätte asw. Bemierkenswäert ass follgend Ausso, déi de Lien tëscht Relioun a Commemoratioun explizitt ervirhieft: „Möglich, dass alle Kirchen in Luxemburg und um Luxemburg herum nun soweit gebaut sind. Also können wir jetzt vielleicht etwa möglicherweise daran denken, auf dem Rote-Brunnen-Platz das Dicks-Denkmal zu errichten, das wir uns selber schon lange schuldig sind.“ (AK 22. Juli 1938)

“Jede seiner Repliken ist ein Sprachdenkmal, jeder Satz ein Paradigma“: Kulturell Hellegspriechung am Kader vum Centenaire 1923

Déi eigentlech kulturell Hellegspriechung fënnt awer am Kader vun de Virbereedunge vum Centenaire vum Dicks senger Gebuert statt. De Weber an den AK ware sécher maassgeeblech dodru bedeelegt, datt de Centenaire an engem national grouss ugeluechte Kader stattfonnt huet; sou fänkt hie schonn am Februar 1922 un, senge Lieser, an domadder och der Ëffentlechkeet, déi kulturell Wichtegkeet vum Centenaire ze ënnerbreeden. Dofir gëtt, ganz onkomplexéiert, de weltliteraresche Verglach mat de Commemoratioune vum Molière a Frankräich a vum Schiller an Däitschland, dësen „Heroen der Bühnendichtung“ (AK 4. Februar 1922), wéi de Weber schreift, erugezunn. Hien etabléiert esou den Dicks ee fir allemol als klassescht Monument vun der Literatur: „Die Reinheit und Monumentalität seines Dialogs sind nie mehr erreicht worden. Es ist im allerbesten Sinn unserer Klassiker, aber ein Klassiker, der bis zum heutigen Tag von köstlicher Frische geblieben ist.“ (AK 4. Februar 1922) A grad de Verglach mam Molière a mam Schiller erlaabt et dem Weber, d’Universalitéit an d’Zäitlosegkeet vum Dicks senge Wierker ze affirméieren. Hie geet esou guer esouwäit, en als Modell fir Dramatiker aus der Weltliteratur virzeschloen:

„Gewiß, er hat auf bescheidenem Niveau und in bescheidenen Grenzen als Dichter und Dramatiker gewirkt, aber seine Art könnte den Besten als Muster dienen. Er hielt sich stets vor, dass er nicht für sich, sondern für die Vielen schrieb, die ihn lesen und hören sollten. Und er besorgte seinen Stil, wie ein großer Komponist seine Partitur. Er schreibt kein Wort hin, das im Organismus des Satzes nicht einen Zweck erfüllt. Und immer sucht er nach dem Wort, das am stärksten, prägnantesten sagt, was er sagen will. Sein Stil ist nicht Malerei und nicht Skulptur, er ist Architektur. Jede seiner Repliken ist ein Sprachdenkmal, jeder Satz ein Paradigma.“ (AK 30. Dezember 1922)

Den Dicks gëtt hei als Idealtyp vum Volleksdichter stiliséiert, an dat net nëmmen, wëll hien d’Vollek thematesch a sengen Texter zelebréiert, ma och wëll säi formal-ästheetescht Kënnen hien zu enger Virbildfigur mécht. Och wann de Weber hei an e Panégyrique verfält, ënnersträichen d’Vergläicher mat der musikalescher Kompositioun a mat der Architektur d’Wichtegkeet, déi hien dem Dicks sengem Ëmgang mat der Sprooch zouschreift. Bemierkenswäert ass, grad an den zwee leschte Sätz, d’Verdichtung vun der Monumentaliséierung, wou ausserdeem Cultus a Kanonséierung openeentreffen: Sou wéi den Dicks der Sprooch en Denkmal setzt, setzt de Weber dem Dicks eent.

Genau ee Joer méi spéit, den 30. Dezember 1923, beschreift de Weber den emotionalen Impakt vum Dicks sengem Wierk op d’Vollek:

„Die ersten Takte schon bliesen an allen Tischen die Gespräche aus, wie Lichter. Es wurde mäuschenstill. Köpfe und Füße schlugen den Takt und Lippen formten träumerisch die Worte der Lieder. Ich hörte eine kleine Schwarze, deren Augen diskret dazu blitzten, die Weise mitsummen: ,Du brauchs mer neischt ze schwieren!‘ Nur die Weihe der Stunde hinderte einen Tisch voll junger Tänzer, laut und rückhaltlos das Hexenthommeslied mitzugrölen. Aber von Tisch zu Tisch gingen die Blicke, die sagten: ‚Gelt, unser Dicks! Das war ein Kerl! An dem haben noch Geschlechterreihen zu zehren. Jawohl, wir sind nicht ‚von der Hecke gepflückt‘, wir können was, wenn der Richtige antritt!‘

Die Welle von Popularität, die zur hundertsten Geburtstagsfeier von Dicks übers Land ging, ist zurückgeebbt, aber die Tiefe, aus der sie aufpulste, birgt unverbrüchliche Treue der Massen zu dem Dichter und Komponisten, der ihrer Seele Wort und Klang geliehen hat. Denn hinter jedem Klang und jedem Wort von ihm steht ein lebendiger Mensch, der aus der Anonymität des Ganzen hervorgezogen ist und einen Namen und ein Gesicht hat, der Mary oder Kätty, Papschossel oder Neckel, Hary, Lisy, Holzknuet, Ficelle, Thommes, Mathes, Piereli, Se’ß oder Tulepant usw. usw. heißt. Jeder, der ein Lied von Dicks hört oder singt, sieht den Mitmenschen, der das alles vorbildlich gelebt und gelitten, genossen und geduldet, gejubelt und geklagt hat und immer wird der Sänger durch die Erinnerung an jenes andere, Lebendige, getragen und ergänzt.

Das Werk von Dicks […] ist ein Stück Kulturgut, das wir um so eifersüchtiger hüten müssen, als wir von der Sorte so sehr wenig produzieren.“ (AK 30. Dezember 1923)

Am 18. an am 19. Joerhonnert gëtt der Literatur souwuel eng didaktesch-pedagogesch wéi eng communautéitsstëftend Funktioun zougeschriwwen. Déi Opfaassung léisst sech konkreet am Weber senger Aschätzung vum Dicks sengem Wierk am AK ëremfannen. Fir hien hunn d’Koméidisstécker gläichzäiteg eng Vermëttlungsfunktioun vum Kulturgut an, wann och keng Archivfunktioun, dann awer eng Erënnerungsfunktioun am kollektive Gediechtnes. Unhand vun de Stécker léisst sech de Prozess ronderëm de Cultus uschaulech novollzéien. Doduerch, datt déi gesammelt Spréchwierder a Vollekslidder an de Stécker opgegraff a literaresch-dramatesch verschafft ginn, an duerch déi duerchgängeg reegelméisseg Opféierung vun de kanonesche Stécker De Scholdschäin, Mumm Séiss an D’Kiermesgäscht, gëtt de Fong vu Spréchwierder a Vollekslidder stänneg aktivéiert an um Liewen erhal. Gläichzäiteg kéint et zu enger transgenerationeller Transmissioun vun dësem Fong am kollektive Gediechtnes.

Et kënnt een net dolaanscht, grad hei ee vun de wichtegen Iwwerschneidungspunkte vum Dicks sengem Wierk an dem Weber sengem AK ze erkennen. Grad wéi déi reegelméisseg Opféierung vun de Stécker, dréit den Dicks-Kult, deen de Weber am AK fleegt a virundreift, zu der Erënnerung un den Nationaldichter an zu senger Monumentaliséierung am kulturelle Gediechtnes bäi. Dëst geschitt, wéi hei nogewisen, duerch déi duerchgängeg Erënnerung un den Dicks mat Bezuch op déi verschidden Theemecluster, déi tëscht 1913 an 1940 ëmmer rëm opgegraff ginn. D’Anne-Marie Millim huet an hirer Fuerschung iwwert den AK ervirgestrach, wéi de Weber versicht, a sengem Feuilleton eng national Erënnerungskultur ze schafen, fir Lëtzebuerg virun der Geschichtslosegkeet ze bewahren: „In diesem Vorhaben initiiert und praktiziert Weber eine informelle Zeit- und Alltagsgeschichtsschreibung, indem er gegenwärtige, verschwindende und verschwundene Gewohnheiten, Erfahrungen und Ansichten, die die Luxemburger Gesellschaft betreffen, thematisiert, verschriftlicht und publiziert.“ (Millim 2017, 95) De Weber setzt sech deemno fir d’Schafe vun engem historesche Bewosstsinn an der Bevëlkerung an. A grad dat mécht en och um kulturellen Niveau, andeems e versicht, haaptsächlech un der Figur vum Dicks, e literarescht oder esouguer e literaturhistorescht Gediechtnes ze schafen. Grad wéi et dem Weber drëm geet, duerch de kollektive Bléck „Luxemburg sehen, fühlen und kennen“ (ibid, 121) ze léieren, geet et och drëm, unhand vum Dicks a sengem Wierk, dat d’Liewens-, d’Gefills- an d’Sproochwelt vum Vollek néierschreift, op d’Bün bréngt, vertount, an him Konturen a Form gëtt, ëmmer rëm ze zelebréieren an de Lieser an Erënnerung ze halen.

Dat wat de Weber iwwer dem Marcel Noppeney säin 1940 publizéiert Wierk À Luxembourg, autrefois … 1704-1860 schreift, trëfft, wat d’Erënnerungsfunktioun an d’Gefillswelten ugeet, net nëmme fir den Dicks mee grad esou fir de Weber selwer zou:

„Wer sich darauf beschränkt, die politische oder wirtschaftliche Entwicklung eines Volksganzen durch die rein mechanische Wiedergabe einzelner Phasen anschaulich zu machen, hat keinen Anspruch darauf, den eigentlichen Charakter des Volkes anschaulich und verständlich zu machen. Wenn wir wissen, wann ein neuer Herrscher den Thron bestiegen hat, wie er hieß, wer seine Minister waren, so können wir aus diesen Daten und Namen nicht schließen, wessen Geistes die Gesamtheit der sogenannten Untertanen ist oder sein könnte. Um uns ein Urteil darüber zu bilden, müssen wir das Volk dort beobachten, wo es sich ohne Beeinflussung von oben oder von außen her auslebt, wo es seiner inneren Veranlagung gehorcht, in Freude und in Trauer, in Spaß und Ernst.“ (AK 11. Abrëll 1940)

Dës fir d’Verfestegung vun der nationaler Gemeinschaft grondleeënd Dimensioun vum Empfanne gëtt, am Joerhonnert vun den Natiounen, intensiv an der Konstruktioun vun de kulturellen Hellege bedriwwen, wéi d’Anne-Marie Thiesse an hirer Analys La fabrique de l’écrivain national fir déi europäesch Literatur aus dem 19. Joerhonnert ënnersträicht:

„La littérature, alors que les sociétés européennes entrent dans un processus de sécularisation, devient nouvelle religion, au sens propre: ce qui relie les individus entre eux par des savoirs, des croyances, des jugements, des émotions et des intérêts partagés. La littérature entre dans l’âge des foules. Par la dévotion aux ‚saints culturels‘, par les rituels qu’elle accomplit à cette occasion, la nation prend corps, fait corps. Les oeuvres littéraires fournissent des représentations de la nation; la commémoration des écrivains, elle, permet à la nation de se montrer à elle-même, de se voir et de s’émouvoir.“ (Thiesse 2019, 165)

De leschte Saz schéngt mer hei wesentlech: Den Erfolleg vum Dicks senge Wierker fousst jo nodrécklech an der Duerstellung vun der Natioun, dem Land, senger Communautéit, déi sech mat de Lëtzebuerger Personnages-types op der Bün identifizéiert, eng Identifikatioun, déi nach emol iwwert de Gebrauch vum Lëtzebuergesche gestäerkt gëtt. De Weber selwer gëtt zum entscheedenden Acteur am Cultus-Beräich vun der Commemoratioun: besonnesch d’AKe vun 1923, a spezifesch deen uewen zitéierte vum 30. Dezember 1923, sträichen däitlech déi emotional Dimensioun ervir, déi de Commemoratiounsformen inherent ass.

Literaturverzeechnes

  1. De Toffoli, Ian. „L’Œuvre dramatique de Batty Weber“. Batty Weber: Werk und Wirkung, erausgi vum Anne-Marie Millim. Centre national de littérature, 2017, S. 190-247.
  2. Weber, Batty. Erënnerongen un den Dicks. Mat engem Unhank iwer d’Genealogie vun der Familien de la Fontaine vum Henry de La Fontaine. Schroell, 1923.
  3. Dović, Marijan, and Jón Karl Helgason. National Poets, Cultural Saints. Canonization and Commemorative Cults of Writers in Europe. Brill, 2017.
  4. [E vun der âler Erd]. „E verstännegt Wuert iwer de Rodange a sei ‚Renert‘“. Jonghemecht, 15. Oktober 1926, S. 19-25.
  5. Millim, Anne-Marie. „Batty Weber. Der Abreißkalendermann als Historiker des Alltags“. Batty Weber. Werk und Wirkung, erausgi vum Anne-Marie Millim. Centre national de littérature, 2017, S. 95.
  6. Thiesse, Anne-Marie. La fabrique de l’écrivain national. Entre littérature et politique. Gallimard, 2019.

Umierkungen

  1. 1 Am Rescht vum Text mat AK ofgekierzt.
  2. 2 Datume vun den Dicks-AK: 10. Januar 1914, 17. Abrëll 1914, 18. Juni 1914, 3. Juli 1 914, 5. August 1914, 27. Oktober 1914,13. Dezember 1914, 28. Januar 1915, 4. Mäerz 1915, 23. Abrëll 1915, 2. Juli 1915, 6. August 1915, 7. August 1915, 14. Oktober 1915, 7. Januar 1916, 17. Februar 1916, 22. Februar 1916, 8. Abrëll 1916, 12. August 1916, 18. Oktober 1916, 4. November 1916, 8. November 1916, 30. November 1916, 7. Dezember 1916, 31. Dezember 1916, 3. Januar 1917, 6. Januar 1917, 15. Februar 1917, 26. Abrëll 1917, 10. Juni 1917, 17. Juli 1917, 15. Juni 1918, 6. August 1919, 11. Oktober 1919, 9. Juli 1920, 8. Oktober 1920, 17. Februar 1921, 24. Mäerz 1921, 29. Juni 1921, 31. Juli 1921, 4. Februar 1922, 22. September 1922, 31. Dezember 1922, 7. Januar 1923, 23. Januar 1923, 7. Februar 1923, 22. Abrëll 1923, 27. Mee 1923, 5. Juli 1923, 14. Juli 1923, 17. Juli 1923, 21. Juli 1923, 24. Juli 1923, 26. Juli 1923, 27. Juli 1923, 4. August 1923, 30. Oktober 1923, 25. November 1923, 28. Dezember 1923, 30. Dezember 1923, 10. Januar 1924, 2. Abrëll 1924, 12. Oktober 1924, 23. Oktober 1924, 11. Mäerz 1925, 16. Juli 1925, 15. November 1925, 4. Februar 1926, 16. Dezember 1926, 12. Januar 1928, 9. Februar 1929, 21. Juli 1929, 6. Dezember 1929, 24. Januar 1930, 31. Januar 1930, 7. Oktober 1930, 11. Februar 1933, 28. November 1936, 24. November 1937, 22. Juli 1938, 27. Oktober 1938, 19. Juli 1939, 28. Januar 1940, 7. Mee 1940.
  3. 3 Datume vun den Lentz-AK: 17. Abrëll 1914, 18. Juni 1914, 3. Juli 1914, 27. Oktober 1914, 13. Dezember 1914, 18. Abrëll 1915, 7. August 1915, 14. Oktober 1915, 8. Abrëll 1916, 16. Abrëll 1916, 18. Oktober 1916, 4. November 1916, 8. November 1916, 31. Dezember 1916, 3. Januar 1917, 6. Januar 1917, 15. Februar 1917, 17. Juli 1917, 9. Oktober 1918, 10. Oktober 1918, 6. August 1919, 8. Oktober 1920, 24. Mäerz 1921, 27. Mee 1923, 5. Juli 1923, 25. November 1923, 27. Mäerz 1926, 16. Dezember 1926, 22. Juli 1928, 21. Juli 1929, 25. September 1930, 7. Oktober 1930, 26. Juli 1932, 14. Dezember 1932, 10. Februar 1933, 11. Februar 1933, 1. Juli 1933, 13. Juli 1933, 16. Juli 1933, 5. Dezember 1934, 3. Dezember 1935, 22. November 1936, 28. November 1936, 31. Juli 1937, 24. November 1937, 26. Abrëll 1938, 22. Juli 1938, 19. Juli 1939, 28. Januar 1940.
  4. 4 Datume vun den Rodange-AK: 17. Abrëll 1914, 13. Dezember 1914, 15. Juni 1918, 8. Oktober 1920, 16. Dezember 1926, 6. Dezember 1929, 11. Februar 1933, 24. November 1927, 22. Juli 1938, 27. Oktober 1938.
  5. 5 AK 28. Januar 1915. An den Erënnerongen gëtt dëse Passage follgendermoossen zeréckgeholl: „Ech erënnere mech nach, we‘ e mer ê sche’nen Dâg d‘‚Cadette vun der Sprëtz‘ agepaukt huet a we‘ ech se hu missen eng Ke’er Sondes enger Stuw voll Dammen an Here virsangen, de‘ op Besuch komm woren.“ Weber 1923, S. 52f.

Annotate

Previous
CC BY-SA 4.0
Powered by Manifold Scholarship. Learn more at
Opens in new tab or windowmanifoldapp.org