Déi gesond Natioun: Natur an Nächsteléift am Batty Weber sengem Abreißkalender
Datt de Batty Weber (1860-1940) sech vill Gedanken iwwer Krankheet mécht, weist sech a senger Kritik vun de schleefenden urbanen Entwécklungen am klenge Lëtzebuerger Land, besonnesch wat d’Baue vun engem stättesche Spidol, enger Infrastruktur bannent där ee Krankheet mat Sécherheet untrëfft, ubelaangt. Virun allem manifestéiert sech am Auteur Frustratioun, wann hie gesäit, datt aner Plazen, wéi Esch, net nëmmen eng nei Gemeng hunn, mee hiren eegene Flughafen, an esouguer e Spidol, an dëst scho säit Joren (AK 16. November 1938). D’Käertchen, déi him am Mäerz 1938 geschéckt gouf an hien invitéiert, sech finanziell un der Konstruktioun vun engem Klouschter um Houwald ze bedeelegen, reegt de Weber immens op. Rosen adresséiert hien sech un den Absender vum Herz Jesu-Klouschter um „Alzettering“ (haut: Boulevard d’Avranches) an argumentéiert, datt et „blutnotwendig“ (AK 4. Mäerz 1938) wier, fir d’geeschtegt, kierperlecht a kulturellt Liewen, endlech mol ee stättescht Spidol ze bauen, aplaz vu méi Kierchen a Kléischter. Aus dësem Raisonnement geet ervir, datt fir de Weber Spideeler vill méi sinn, wéi just eng Plaz, wou deene Kranke gehollef gëtt. Si sti fir eng Verbindung tëscht deem Geeschtegen, deem Kierperlechen an deem Kulturellen. De Wonsch, méi Raum fir déi Krank ze schafen, a Form vu Spideeler, mee och ee schrëftleche Raum, deen dëst imitéiert, zitt sech wéi e roude Fuedem duerch vereenzelt Bliedercher vum Abreißkalender (1913-1940) senge leschte Joren. Dëst weist, datt am Géigesaz zum reliéis-spirituelle Raum, deen d’Kierch schaaft, de Raum, dee fir d’Fragilitéit vum Kierper steet, een ass, dee Verbonnenheet innerhalb vun enger Natioun kreéiert, well hei dat Organescht – eppes Gräifbares – an dat wat der Natur am noosten ass, am Vierdergrond steet. Am Abreißkalender fannen sech vill Referenzen op d’Natur. Hir heelend Kapazitéit ass fir de Weber essenziell fir d’Erschafe vun enger nationaler Identitéit, déi hien als organesch ugesäit. Et gëllt, se ze protegéieren, an dëst mat alle Mëttelen, esou datt duerch si e kulturellt Zesummeliewen – en Zesummegehéieren – méiglech gëtt.
Datt de Weber sech extreem fir d’Entwécklung an de Schutz vum kulturelle Patrimoine agesat huet, ass net onbekannt (vgl. Millim 2016; 2017). Ugeknäppt un der Aleida Assmann hir Definitioun vun engem „Erinnerungsraum“, behaapt d’Millim, datt den Historiker vum Alldag ee „verschriftliche[n] ‚Erinnerungsraum‘“ geschaf huet, deen „zum großen Teil die physische Realität in Form von öffentlichen Orten, zum Abriss bestimmten Häusern und fest in den Alltag integrierten Objekten auf[nimmt], mit dem Ziel, sich dem Vergessen und folglich der Geschichtslosigkeit entgegenzusetzen und Luxemburg ein historisches Bewusstsein zu geben“ (Millim 2017, 116). De Weber erkennt de kulturhistoresche Wäert vun ëffentleche Plazen a vertrëtt en aktive Schutz vum kulturelle Patrimoine, deen iwwert den Denkmalschutz erausgeet, an ouni dee sech weeder en historescht nach en nationaalt Bewosstsinn entwéckele kann. Effektiv ënnerstëtzt de Weber en Denkmalschutz, dee sech net nëmmen op d’Architektur vum Land bezitt, mee hie mécht sech och fir den Naturschutz staark. Sou bedauert hien zum Beispill, datt 1939 d’groussherzoglech Domainverwaltung wëlles huet, siwe Lannebeem an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg ëmzeseeën (vgl. AK 24. Mäerz 1939). Fir de Weber handelt et sech bei der Zerstéierung vu Beem kloer ëm Mord, wéi d’Beispill vun den zerstéckelte Käschtebeem op der Plëss am selwechte Joer weist (vgl. AK 16. Februar 1939). Als „Zeugen der Vergangenheit“, wéi de Weber se nennt, solle si beschützt an net ëmbruecht ginn (ibid.). Et ass also offensichtlech, datt de Kalennermann sech mat sengem Denken an de fréie Forme vum Ëmweltaktivismus positionéiert, wéi och d’Kapitel vum Myriam Sunnen an dësem Band weist. Den Ëmweltaktivismus huet sech am Ufank vum zwanzegste Joerhonnert zu Lëtzebuerg lues a lues entwéckelt an ass ënner anerem, wéi d’Sunnen gewisen huet, vum Edmond Joseph Klein (1866 – 1942), engem vun de bekanntste Lëtzebuerger Ëmwelt-Pionéier, gepräägt (vgl. Sunnen 2020, 193).
Et ass an dësem Kontext vun de komplexe Vernetzungen tëscht nationaler Identitéit, Natur a Mënsch, déi de Weber offensichtlech beschäftegen, datt dës Textanalys de „verschriftliche[n] Erinnerungsraum“ vum Abreißkalender erfuerscht, fir erauszefannen, wéi eng aner Raim sech duerch dem Auteur säi Schreiwen nach opmaachen. Virun allem ënnersicht dëst Kapitel, wéi de Weber iwwer Krankheet nodenkt, wéi eng Parallelen hien tëscht Natur a Krankheet zitt, a wéi een Afloss dobäi d’Joreszäite spillen. Des Weideren interpretéieren ech, wat dëse Lien iwwert dem Awunner vu Lëtzebuerg seng Plaz am schrëftleche Raum, mee och am Raum Lëtzebuerg als Land an als Kierper, ausseet. Ech argumentéieren, datt et fir de Weber kee gesond Lëtzebuerg ouni eng oppen an opmierksam Astellung zu der Natur ka ginn.
Duerch d’Natur zu engem nationale Bewosstsinn
Datt de Weber seng Lieser a Lieserinnen opfuerdert, hiert Land mat aneren, méi opmierksamen Aen ze betruechten, sou datt si sech hirer Identitéit als Bierger vu Lëtzebuerg méi bewosst kënne ginn, ass och scho vun der Millim observéiert ginn. An hirem Artikel iwwert d’Wichtegkeet vum Tourismus zu Lëtzebuerg tëscht 1913 a 1940, a besonnesch der Funktioun vum Tourist am nation-building, schreift si:
„If, for Weber, national identity is triggered by the appreciation of the homeland, he implies that the local should adopt a distinctive way of moving through space, of looking at it and of being emotionally moved by it. National identity does not only denote the existence of a shared mental construct, but the performance of that construct through spatial appropriation and mobility.“ (Millim 2016, 42)
De Weber fuerdert seng Landsleit op, sech anescht innerhalb vu Lëtzebuerg ze beweegen ewéi si et am Alldag maachen. Si sollen aus der Routine erausbriechen an hiert Doheem entdecken; si sollen sech deem higinn, wat si gesinn an et erliewen. An anere Wierder, si sollen hiert Land, a besonnesch d’Natur, esou wéi een se am Laf vun de Joreszäiten opfënnt, emotional op sech wierke loossen. D’Beschreiwunge vun der Landschaft, där de Weber op sengen Ausflich an d’Natur begéint, sinn oft emotional gelueden a spigele seng eege Gefillswelt erëm.
Esou ass dem Cornel Meder am Nowuert zur 2010 Editioun vu Brabanter lernt Fischen opgefall, datt eng Rei Kalennerbliedercher mat vill Freed der schéiner Musel gewidmet sinn: Si „strahlen die immer wieder glücklichen Erlebnisse Webers im Tal des Weines und der Heiterkeit aus“ (Meder 2010, 153). Dës „Heiterkeit“ steet awer am Kontrast zum Eescht, deen sech an anere Bliedercher erëmfënnt. Tatsächlech steet de Weber der Kraaft a Gewalt vun der Natur net ignorant géigeniwwer. Hien thematiséiert am Abreißkalender och déi manner schéi Säite vun der Natur, wéi „Packeis, Hochwasser, Überschwemmungen, Mißernten, Fischsterben“ (ibid.), déi fir déi schwiereg Liewensëmstänn vu verschiddene Familljen zoustänneg sinn, a presentéiert sech dobäi als ethnologesche Wëssenschaftler, dee seng eegen Etude vun der Regioun, déi him esou um Häerze läit, duerchféiert. Well de Weber duerch dat geschriwwent Wuert seng eege Gefiller kanaliséiere kann, entsteet e kontrasträicht Schreiwen, dat et him erlaabt, de Biller, déi et am Kapp vun de Lieser produzéiert, Gewiicht ze ginn. Vill méi wéi just Trivialitéiten aus dem Alldag ze dokumentéieren, presentéiert dem Auteur säi Schreiwen eng gewëssen Eeschthaftegkeet. Esou zum Beispill erlaabt d’Beobachte vun der Natur him et, iwwert d’Fragilitéit vun der mënschlecher Existenz, a méi spezifesch dem Doud, nozedenken.
Am Kalennerblietche vum 17. November 1915 konstatéiert de Feuilletonist deemno, datt de Buedem, den „Äerdeschouss“ (AK 17. November 1915 [Meng Iwwersetzung]) wéi hien et nennt, duerch de Schnéi elo onfruchtbar ginn ass. Hei entsteet e Kontrast tëscht der organescher Natur vum „Äerdeschouss“ an dem „unorganischer kalter Staub“ (ibid.), deen e bedeckt. De Weber beschreift dës Fusioun vu Liewen an Doud mat de follgende Wierder:
„Ich finde den Schnee nur schön, wenn seine Masse, seine Weiße alles einhüllt. Wenn der weiße Tod als ganzer Sieger über der Erde steht. Wenn die unruhige Beflecktheit der weiten Flächen der ruhigen, bläulich geschatteten Monotonie einer ununterbrochenen Schneedecke gewichen ist.
Der Tod kann schön sein, weil er ein Ganzes, ein Fertiges ist. Die Krankheit, der halbe oder Dreiviertels-Tod ist häßlich.“ (ibid.)
Et kann een doraus schléissen, datt de Weber vill méi an der Natur gesäit, wéi just dat Organescht. Hie gëtt hir symbolesch Bedeitung a benotzt eng metaphoresch Sprooch, fir d’Vergänglechkeet vum Liewen op Pobeier festzehalen. Wéi engem am Weber sengem Text vermëttelt gëtt, gëtt de Wanter duerch d’Fale vun deenen éischte Flacken abrupt agelaut. Dës Plëtzlechkeet ass fir de Weber charakteristesch fir de Wanter an hien imitéiert se an engem spéidere Feuilleton an deem hien, ouni direkt offensichtlech Relatioun zum Rescht vum Text, schreift: „Und es schneit“ (AK 13. Januar 1935). D’Metaphorik vun de Joreszäite ass dem Feuilletonist hei effektiv nëtzlech. Mam Wanter kënnt den Doud, an dat esou plëtzlech ewéi de Schnéi. Et ass eng Tatsaach, déi de Weber ouni weider Bemierkung duerch dem Text seng Form imitéiert. Hie gesäit den Doud als e „Ganzt“ (AK 17. November 1915) an als eppes Komplettes un. En ass e wichtege Bestanddeel vun de Joreszäiten am Wiessel, mee och vum Mënsch, deen dëst erlieft. Dëst verdäitlecht hien am selwechte Feuilleton:
„Wir sind so tief naturverhaftet, immer noch, daß wir jeden meteorologischen Anachronismus, jede Verrückung im normalen Ablauf der Jahreszeiten als einen Krankheitszustand der Erde empfinden und mit darunter leiden. Wir wüßten auch ohne die Lehre der Erfahrung, daß, wenn wir keinen Winter haben, wir auch keinen Sommer haben werden. Ein solches Jahr ist wie umgestandene Milch.“ (AK 13. Januar 1935)
Wann et kee Wanter gëtt, kann et kee Summer, also kee Liewe ginn. De Weber zelebréiert béid a rifft seng Lieserschaft zum „carpe diem!“ (ibid.) op. Si sollen him et gläich maachen. Duerch déi Freed, déi hien dem „wäissen Doud“ (AK 17. November 1915 [Meng Iwwersetzung]) géigeniwwer opbrénge kann, weist hie senge Lieser a Lieserinnen, wéi si sech mat méi existenzielle Froe kënnen auserneesetzen. Andeems hien hinnen et erlaabt, sech duerch de Schnéi den Doud virzestellen, an him, dem „Gewënner, deen iwwert der Äerd trount“ (ibid. [Meng Iwwersetzung]) e Gesiicht ze ginn, weist hien, wéi „déif“ si „naturverhaftet“ (AK 13. Januar 1935) sinn. Mee ween iwwert den Doud nodenkt, denkt forcement och iwwer Krankheet no. Esou wéi een et uewen am Passage gesäit, ass Krankheet, fir de Weber, en „Dreiviertels-Tod“ (AK 17. November 1915). Dësen hëlt och, wéi den Doud, am Abreißkalender seng berechtegt Plaz an. Vu klengen Anekdoten iwwert de Schnapp, bis hin zu méi impaktvolle Krankheeten ewéi Kriibs, fënnt een am Kalenner dem Weber seng Iwwerleeungen. Och hei spillen déi symbolesch Verknäppungen, déi dem Weber esou natierlech vun Hand ginn, eng kruzial Roll a sengem Gedankegang bis hin zu engem gesellschaftlech wichtege Kommentar, dee vun Zesummenhalt a Nächsteléift gepräägt ass.
Faarwen, Krankheet an Tuberkulos: déi éischt Unzeechen, Impakt a Stigmatiséierung
Wann de Weber iwwer Krankheet nodenkt, mécht hien dat duerch d’Faarwen, déi him op sengem Wee duerch d’Natur begéinen. D’Naturzeenen, déi hie probéiert dem Lieser ze vermëttelen, si vu senger Uechtsamkeet gepräägt. De Summer bitt sech virun allem duerch seng Pruecht u Faarwen als Modell un, fir dem Weber säi schrëftlechen Tablo ze vervollstännegen. Hei fënnt eng „emotional Immersioun“ [Meng Iwwersetzung] statt, duerch déi, wéi d’Millim unhand vun anere Beispiller festgestallt huet, „Erzähler und Leser zeitweilig den gleichen Blickwinkel [teilen]“ (Millim 2017, 122). Obwuel verschidde Friichte scho lues verginn, annoncéiert de Weber, datt een am Juli, am Héichsummer also, wann een esou iwwer d’Felder, Wisen a Gäert wandert, Loscht kritt, iwwer d’Faarwen ze schwätzen, déi ëm een explodéieren (vgl. AK 13. Juli 1940). An dësem Auszuch vum 13. Juli 1940 gesäit een dat besonnesch gutt:
„Wie sonderbar, daß draußen im Reich des Saftes und der Sonne das Grün immer nur Leben und Wachsen bedeutet, während es an uns Menschen immer das Gegenteil verkündet. Wenn es von einem heißt, er sei grün oder gar grün und gelb im Gesicht, so ist er nicht zu beneiden. Denn da deutet die Lebensfarbe der Botanik auf einen Zustand der Schwäche und Übelkeit, und dem Mann wird nicht besser, bis sich sein grüngelbes Gesicht wieder mit der Farbe des Blutes überzieht.
Und wieder stellen wir einen Gegensatz zwischen Mensch und Natur in bezug auf die Farben fest. Wenn das Rot bei uns Leben und Gesundheit verrät, so sind die Fälle nicht selten, wo es im Pflanzenleben als Farbe des Todes oder des Sterbens gilt. Nicht immer, denn manchmal folgt es dem Grün als die Farbe der Reife, wie bei der Erd- und Himbeere und Johannisbeere und Kirsche, um nur diese Sommertöchter zu nennen.
Ähnliches gilt von dem Gelb, das auf unsern Wangen Schwäche und Krankheit verrät und beim Obst zu unserm Genuß das Grün der Unreife langsam ablöst.“ (ibid.)
Obwuel hien hei net weider an den Detail geet, ëm wéi eng Krankheeten et sech handelt, weist de Verglach vun de Faarwen esou wéi se an der Natur virkommen an esou wéi si sech beim Mënsch am Gesiicht manifestéieren, wéi de Feuilletonist Krankheet versteet. Gréng a giel si Faarwen, déi hie mat Iwwelzegkeet a Schwächt verbënnt, rout mat Gesondheet. Datt d’Faarwen eng Roll spillen, wann et ëm Krankheete geet, demonstréiert d’Susan Sontag am Illness as Metaphor (1977). An dësem bekannten Aufsatz warnt si viru Metapheren, déi benotzt gi fir Krankheeten ze visualiséieren, haaptsächlech wéinst der Stigmatiséierung, déi se mat sech bréngen an ënnert där vill Betraffener leiden. Besonnesch interesséiert ass si un de Mythen, déi iwwer d’Tuberkulos am nonzéngte Joerhonnert entstane sinn. Hei ënnersträicht si ënner anerem och d’Faarwen, déi d’Krankheet signaliséieren: „TB is understood as a disease of extreme contrasts: white pallor and red flush, hyperactivity alternating with languidness“ (Sontag 1977, 11). Dobäi kënnt, datt dës kontrasträich Krankheet virun allem extreem problematesch ass, well si oft als eng Krankheet virgestallt gëtt, déi nëmmen déi manner Privilegéiert betrëfft, wéi d’Sontag behaapt: „TB is often imagined as a disease of poverty and deprivation – of thin garments, thin bodies, unheated rooms, poor hygiene, inadequate food“ (ibid., 15). Gläichzäiteg ass et eng Krankheet, déi gär romantiséiert gouf, wat een zemools an der Literatur vum nonzéngte Joerhonnert gesäit, mat Wierker wéi dem Victor Hugo sengem Les Misérables (1862) oder dem Alexandre Dumas sengem La Dame aux camélias (1848), e Wierk, wat de Batty Weber méi wéi eng Kéier a sengem Abreißkalender referenzéiert,1 notamment a sengem Feuilleton vum 9. Oktober 1913, an deem hie sech doriwwer beklot, datt d’Medezinner, „d’Poesie der Krankheit zerstören“ (AK 9. Oktober 1913). Als Beispill gräift de Weber hei op den Dumas zeréck a behaapt datt: „Die Schwindsucht, die zu Alfred de Musset’s Zeiten genügte, einen Menschen interessant zu machen und Dichter zu schwermütig schönen Gesängen zu begeistern, ist durch das Mikroskop in den nüchternen, trüben Alltag gestossen. Man geht vorsichtig um sie herum und denkt an allerhand Chemikalien.“ (ibid.)
Fir de Weber hunn esouwuel d’Doktere wéi d’Psychiateren aus de literareschen Helden „denen die Geschichte der Menschheit ihre Höhepunkte verdankt“, „Hysteriker, Neuropathen, Urninge und sonstige wissenschaftliche Versuchskaninchen“ gemaach (ibid.). Effektiv schéngt et, wéi wa Geschichte vun Tuberkulos, an de Käpp vun de Leit, éischter nobel Biller vum Doud, deen d’Krankheet dacks mat sech bruecht huet, verursaacht huet. Hei sinn d’Associatiounen, déi gemaach ginn tëscht Faarwen a verschiddene Krankheetsbiller, ausschlaggebend, well si dëse Prozess vun der Idealiséierung vun enger Krankheet staark ënnerstëtzen. Esou ass et eebe grad wéinst de roude Baken, déi d’Tuberkulos am kranke Kierper ervirrifft, datt e Patient als méi gesond, wéi en tatsächlech ass, also als méi schéin, respektiv méi attraktiv, gesi gëtt. Dës zäitgenëssesch Fantasie gëtt awer, wéi den Auszuch uewe weist, lues a lues vun de Progrèsen an der Medezin zerstéiert. Dem Weber säin Abreißkalender positionéiert sech also net just par rapport zu de wichtege medezineschen Erkenntnisser, déi seng Zäit markéiert hunn, mee och zu der Poetiséierung a Metaphoriséierung vu Krankheeten. Gekonnt spillt de Weber mat de Biller an der Fantasie vun dëser ongeheierer Longekrankheet a schaaft duerch seng Wierder eng eege Poesie, déi et him erméiglecht, e Kommentar ofzeginn iwwert d’Wichtegkeet vum Zesummenhalt an der Lëtzebuerger Bevëlkerung.
Krankheet als Feind: Tuberkulos
A sengem Abreißkalender beschäftegt de Weber sech ab zirka 1920 mat der Tuberkulos an deenen, déi hir zum Opfer falen. Hie wonnert sech iwwert déi „galoppierende Lungenschwindsucht“ (AK 2. Februar 1940), där hiren Numm hien net ganz novollzéie kann. Hie freet sech: „Wie haben sie den Galopp zu einer Krankheit in Beziehung bringen können, die den Menschen zur ewigen Ruhe verdammt?“ (ibid.), mee d’Biller, déi doduerch entstinn, reegen hien offensichtlech zum Nodenken un. A Gesundheit als Metapher weisen d’Amelie Bendheim an d’Jennifer Pavlik dorop hin, wéi aflossräich sproochlech Biller sinn, wann et drëms geet matzedeelen, wéi et engem kierperlech oder psychesch geet (Bendheim und Pavlik 2021, 11). Metaphere wierke sech op dem Mënsch säin Denken an Handelen aus an hunn, esou d’Chercheusen, „Anteil daran, wie wir die Welt und uns selbst wahrnehmen und mit welchen Emotionen wir unsere Wahrnehmungen verbinden“ (ibid.). Doduerch datt hien iwwer d’Biller vu Krankheeten nodenkt an duerch si schwätzt, zortéiert, strukturéiert a kommunikéiert de Weber seng Perspektiv op d’Tuberkulos.
De Bazill, deen 1881 vum Robert Koch (1843-1910), engem däitsche Medezinner, entdeckt gouf, ass fir de Weber e „winzige[r] Massenmörder“, deen eliminéiert muss ginn (AK 2. Februar 1940). De Schued an d’Leed, deen d’Tuberkulos uriichten, sinn enorm. Besonnesch getraff fillt de Feuilletonist sech vum Schicksal vun de Kanner, déi mat der Krankheet réngen. A sengem Feuilleton vum 14. Mee 1932 juxtaposéiert hien zwou haislech Zeenen, déi sech eemol am Minett, zu Esch-Uelzecht, an eemol zu Foulscht, praktesch un der Grenz zum Éislek, ofspillen:
„Esch-Alzette. Arbeiterviertel. Eine junge Frau liegt auf der Bahre. Gestern an Schwindsucht gestorben. Der Mann hockt in stumpfsinniger Verzweiflung in der Stube. Ein Kleines auf dem Schoß, das andre sitzt ihm zu Füßen auf der kahlen Diele und weint verloren vor sich hin, aus Hunger, aus Angst, aus Langeweile? Der Mann fragt sich seit Wochen: Was wird aus den Kindern? Wer wird sich um sie kümmern? Werden sie mit der Luft in meiner dumpfen Stube die Krankheitskeime einatmen, an denen ihre Mutter zugrund ging?
Antwort.
Auf luftiger Höhe, wo das Ösling grade beginnt, wo die Pfade in das Grün der Hänge tauchen, die jäh nach dem Pratzertal hinunter abfallen, wo die blauen Hügel in weitem Kreis den Horizont umfassen und als Wahrzeichen der Gegend die Arloner Kirche mit ihrem spitzen Turm in den Himmel sticht, da blinken die Dächer des Höhendorfes Folscheid in der Sonne. Und in der Sonne spielen lachende Kinder, kriechen einem Ball nach, liebkosen eine Puppe, strampeln in der Wiege mit prallen Beinchen, saugen gierig an einer Flasche. Und im Haus drinnen plättet eine junge Bäurin die hellen Wäschestücke und sieht nach den Kleinen, die sich ihr jauchzend an die Brust werfen, wenn sie die Arme ausbreitet. Und die Speichertreppe hinauf hängt Schinken an Schinken und Speckseite an Speckseite.“ (AK 14. Mee 1932)
Hei gesäit ee ganz gutt, datt och de Weber vun de geleefege Mythen, déi d’Longekrankheet och zu Lëtzebuerg produzéiert huet, an déi scheinbar iwwert d’nonzéngt Joerhonnert eraus oprechterhale goufen, Gebrauch mécht. Wéi virdrun ugedeit, gëtt sech d’Tuberkulos dacks als Krankheet virgestallt, déi besonnesch déi sozial Schwaach betrëfft. Dorun datt d’sozio-ekonomesch Ënnerscheeder am Land reell sinn, zweifelt de Lieser sécher net, mee dorëms geet et hei net. Ofgesinn dovun, datt déi haislech Biller, déi de Weber senge Lieser presentéiert, potenziell stigmatiséieren (hie schwätzt vun negligéierte Kanner, Kanner ouni Mammen, onbestuetene Mammen, zerstriddenen Elteren), ass säin Uleies e ganz anert, a warscheinlech e vill méi luewenswäert: All Kand soll d’Recht hunn, gesond opzewuessen. Zu Réiden ass d’Rout Kräiz aktiv a këmmert sech drëms, déi krank a bedürfteg Kanner a Fleegefamilljen ze placéieren. Fir de Weber ass déi Empathie, Léift a Gebuergenheet, déi deene Kanner gewise gëtt, méi ewéi e „bürokratisch aufgezogen[er] Humanitätsgestus“ (ibid.). Hien encouragéiert d’Lieser, sech z’iwwerleeën, och esou e Kand bei sech opzehuelen an Nächsteléift ze weisen. Säin Aworf, „Antwort“ ass also effektiv eng Äntwert op e Problem. Hien huet nämlech eng Visioun fir Lëtzebuerg: „Über zwanzig, dreißig Jahre werden in unserm Ländchen starke, gesunde Menschen herumgehen“ (ibid.). Hei gesäit een, wéi de Weber de Kranken e schrëftleche Raum schaaft, deen et him erlaabt, säi wichtegen Opruff fir méi Verbonnenheet am Land ze maachen. Keng Kléischter, déi vun Nächsteléift priedegen, mee konkreet Handele fuerdert de Weber. Méi Raum fir déi Krank, net just am Text, mee och doheem; dat ass dem Weber säi Message. Nëmme wann d’Lëtzebuerger Vollek zesummenhält an Nächsteléift weist, kann de Kampf géint d’Krankheet gewonne ginn. Der Natur hir heelend Wierkung ass dobäi net z’ënnerschätzen. „Auf luftiger Höhe“ (ibid.) kënnen d’Fleegekanner déi frësch Éisleker Loft genéissen, déi esou wichteg am Kampf géint d’Krankheet ass.
Krankheet a Krich
Datt de Weber d’Bekämpfung vun der Tuberkulos tatsächlech als Kampf ugesäit, weist sech besonnesch duerch säi Vokabular. De 7. Mee 1933 konstatéiert de Weber, datt de Kampf géint Tuberkulos a Syphilis zwar mat Succès geleet gouf, et dofir awer nach e vill méi schlëmme Feind gëtt, nämlech de Kriibs (AK 7. Mee 1933). Dofir schreift hien och dëst: „Um einen Feind wirksam zu bekämpfen, muß man ihn kennen. Darum unterhält jede Macht ein Heer von Spionen gegen die andere“ (ibid.). Déi militäresch Terminologie, déi de Weber benotzt, weist ganz kloer, datt de Feuilletonist d’Erkrankung vum mënschleche Kierper als eng Krichserklärung ugesäit. Et geet also drëm, déi adequat Verteidegungsmëttel ze fannen, fir dësem Feind esou schnell wéi méiglech „immer energischer zu Leibe zu rücken“, wéi bekannte Kriibsfuerscher zu senger Zäit et roden (ibid.).
Nach haut ass d’Terminologie, déi am Zesummenhang mam Kriibs benotzt gëtt, eng, déi u Biller vum Krich erënnert. D’Sontag hält fest, datt besonnesch déi invasiv Charakteristike vu Kriibszellen, déi de Kierper e souzesoen „koloniséieren“, dozou bäidroen, datt Beschreiwunge vum Kriibs sech duerch eng militäresch Sprooch auszeechnen (vgl. Sontag 1977, 64). Interessanterweis zitt de Weber am Abreißkalender och konkreet Parallelen tëscht Krankheet a Krich. An engem Dram, vun deem de Weber senge Lieser de 14. September 1939 verzielt, erschéngt him d’Pescht, déi sech un d’Mesuren erënnert, déi getraff goufe fir hir Verbreedung opzehalen, an déi sech der Sécherheet, an där Europa sech geduecht huet, spëttesch géigeniwwer weist (vgl. AK 14. September 1939). Si warnt virun hirem Successeur, kenger Krankheet, mee dem Krich, deen ëmmer nees ausbrécht (1866, 1870, 1914, 1939 an am Balkan: 1912, 1913), an dëst elo fir d’véiert. Dohier freet si: „Sieht einer, dem Kopf und Körper von Kugeln und Bombensplittern zerrissen sind, nicht mindestens so grauenhaft aus, wie wenn er durch Pestbeulen verunstaltet wäre?“ (ibid.) Hei gesäit ee gutt, wéi de Weber en imaginäre Raum schaaft, an deem ee sech de Kierper, wéi e gläichzäiteg vum Krich a vun der Krankheet verschampeléiert ass, virstelle kann.
Och schonn 1916, wärend dem Éischte Weltkrich, réckelt de Kierper fir de Weber ëmmer méi an de Vierdergrond. De Krich ass chronesch ginn (vgl. AK 10. Juni 1916), behaapt hien, als Beobachter vun den Evenementer, déi och Lëtzebuerg erziddere loossen. Hie stellt fest, datt „wie der Mann, der am chronischen Schnupfen leidet, immer ein Schnupfenpulver bei sich trägt und nie ohne drei bis vier Taschentücher ausgeht, so haben wir uns allmählich auf den Krieg eingerichtet.“ (ibid.) Fir seng eege Visioun vun engem staarken Zesummenhalt innerhalb vun der Lëtzebuergescher Populatioun ze konsolidéieren, benotzt hien an dësem Feuilleton de Personalpronomen „wir“, fir vun der Natioun ze schwätzen. Dës kollektiv Identitéit, déi esou ënnerstrach gëtt, deit op d’Vernetzungen tëscht Europa a Lëtzebuerg hin, a bedeit, datt dat chronescht Leiden, wat Europa erfaasst huet, net just déi grouss Länner ronderëm betrëfft, mee och dat klengt, offiziell neutraalt, Lëtzebuerg. D’national Identitéit, fir de Weber, ass also eng organesch. Wéi de mënschleche Kierper ass d’Lëtzebuerger Land invasive Krankheeten ausgesat, géint déi et sech wiere muss. Fir deem standzehalen, muss Lëtzebuerg, a soumat de Lëtzebuerger, sech senger organescher Identitéit bewosst ginn. Duerch säi Feuilleton ënnerstëtzt de Weber dës Prozedur, andeems hie weist, wéi staark all Eenzele mat sengem natierlechen Ëmfeld verbonne ka sinn. Dat pittoreskt Lëtzebuerg huet vill ze bidden. Säfteg Wisen, déif Bëscher a faarweg Gäert lueden dozou an, am Aklang mat der Natur ze liewen. A sengem Abreißkalender hieft de Weber dëst ëmmer nees ervir a weist heimadder e Lien zu der Grund- und Boden-Ideologie vum 19. Joerhonnert.
Heelung duerch d’Natur
Am Abreißkalender weist sech ëmmer nees, datt de Weber der Natur eng heelend Wierkung zouschreift. A sengem Feuilleton vum 13. Juli 1920 denkt hien iwwert d’Roll vum Téi an der Konvaleszenz no. Fir de Weber gëtt et keen Zweifel, datt eng direkt Relatioun tëscht Téi a Krankheet, oder Téi a Gesondheet, besteet:
„Aber wir haben seit Urzeiten gelernt, aus den Blättern und Blüten, die unsere Heimaterde trägt, die Teearten zu sieden, die die bösen Geister der Krankheiten mit ihrem Duft verscheuchen sollen. Der Lindenblütentee und der Hollunder-, Kamillen-, Pfefferminztee, um nur einige der gebräuchlichsten zu nennen, bilden einen integrierenden Bestandteil jeder Hausfrauenapotheke. Der Mann hält nicht viel vom Tee, solange er im ‚feindlichen Leben‘ aufrecht steht und Hiebe austeilt und empfängt. Aber im Leben des stärksten Mannes gibt es Augenblicke, wo er mit Rührung aus der Hand einer Pflegerin die Tasse Kamillenblütentee entgegennimmt, die besänftigt, wie ein Streicheln und wie die Berührung von seidenen Haarsträhnen, wie weiße Mullvorhänge in Nonnenzellen, wie Verzeihung und Frieden und Liebe.“ (AK 13. Juli 1920)
Gelueft gëtt hei, wat d’ Heemecht an d’Doheem ze bidden hunn. Blieder a Bléie vum Lannebam, Hielenner, Kamillen a Peffermënz hunn eng heelend Wierkung. Immens faszinéiert weist de Schrëftsteller sech vun der ätherescher Wierkung vum Téi (ibid.). De Weber beméit sech, duerch seng poetesch Wierder dee praktesch himmleschen Doft vum Téi, deen esou flüchteg wéi den Austausch vun Zäertlechkeeten ass, anzefänken. Doduerch weist sech engersäits dem Kënschtler seng eegen Zäertlechkeet der Natur géigeniwwer, anerersäits och eng bestänneg Verbonnenheet tëscht Mënsch an Natur. Déi hieft hien ervir, andeems en op d’Gesellegkeet opmierksam mécht, déi eng Taass Téi mat sech brénge kann: „Er gibt dem Verkehr in einem Salon, in einer Gelehrtenstube, in einem Atelier, in einem Tanzsaal das Gepräge“ (ibid.). D’Reeche vun enger Taass Téi, déi d’Heelkraaft vun der Natur an sech dréit, steet hei och symbolesch fir d’Matgefill tëscht de Mënschen an hiren Zesummenhalt, deen de Kalennermann, wéi virdru scho beschwat, esou gären tëscht de Lëtzebuerger géing gesinn. Duerch säi poetescht Schreiwe mécht de Weber en textuelle Raum op fir déi Krank. Seng Verbildlechunge vun Doud, Krankheet, Krankefleeg an Nächsteléift duerch d’Reeche vun enger Taass Téi am Doheem oder um Krankebett schafen en imaginäre Raum vu Gesellegkeet a Verbonnenheet, deen de Weber a sengem schrëftlechen Erënnerungsraum wëll ofgezeechent gesinn a fir d’Zukunft vum Land wëll festhalen.
Conclusioun
Déi déif Verbonnenheet, déi de Weber mam Lëtzebuerger Land verspiert, ass eng, déi sech och duerch seng Faszinatioun fir säin natierlecht Ëmfeld ausdréckt. De Weber setzt sech aktiv fir den Naturschutz an a säi Schreiwen ass markéiert vu staarke Gefiller. Heiansdo empfënnt hie Freed, heiansdo Roserei, mee oft ass et einfach just Enthusiasmus fir dat wat dat klengt, gréngt Land ze bidden huet. Et ass genee deen Enthusiasmus, deen den Auteur wëllt mat senge Lieser deelen. Dem Weber säi Schreiwen ass geleet vum Wonsch, Verbonnenheet tëscht dem Lieser a sengem Land, mee och tëscht de Landsleit selwer, hierzestellen. Dëst geléngt him besonnesch duerch déi iwwerdroe Sprooch, déi hie benotzt, an déi et him erlaabt, konkreet Biller am Kapp vun de Leit ze generéieren. D’Metaphorik vun de Joreszäiten, mee och méi gängeg Verbildlechunge vu Krankheet, notzt de Weber gekonnt, fir d’Gebriechlechkeet vum mënschleche Kierper an der mënschlecher Existenz ze thematiséieren a seng Ängscht, wat d’Zukunft vum Land ubelaangt, ze deelen. Fir de Kalennermann kann déi just garantéiert ginn duerch Nächsteléift. Noenee kucken, dat ass et wat de Weber virschléit, fir d’Krankheet ze verdreiwen. Dowéinst ass national Identitéit och eng organesch fir de Weber, well nëmmen duerch Verbonnenheet an der Krankheet kann de Mënsch iwwerliewen an d’Zukunft vum Land geséchert ginn. Esou kreéiert hien, ofgeleet vum Wonsch, méi physesche Raum fir déi Krank ze schafen, en textuelle Raum, an deem hie sech déi Krank a Bedierfteg virstellen an eng Visioun vun engem gesonde Lëtzebuerg presentéieren kann.
Literaturverzeechnes
- Bendheim, Amelie, und Jennifer Pavlik (Ersg.). „Gesundheit als Metapher. Über die ästhetischen Dimensionen eines nicht nur medizinischen Begriffs“. Gesundheit als Metapher. Winter, 2021, S. 7-15.
- Gilles, Peter, und Anne-Marie Millim (Ersg.). Abreißkalender. Das Feuilleton von Batty Weber in der Luxemburger Zeitung, 1913 bis 1940 [digitale Datenbank]. 2017. https://battyweber.uni.lu. Zougrëff den 1. Mai 2025.
- Meder, Cornel. „Batty Weber und die Mosel“ [Nowuert]. Batty Weber. Brabanter lernt fischen. Centre Culturel de Differdange, 2010, S. 147-157.
- Millim, Anne-Marie. „Signifying the Small Nation: The Role of Tourists in Luxembourgish National Identity, 1913-1940“. Journal of Tourism History 8 (1), 2016, S. 19-46.
- Millim, Anne-Marie. „Batty Weber – Der Abreißkalendermann als Historiker des Alltags“. Batty Weber: Werk und Wirkung, erausgi vum Anne-Marie Millim. Centre national de littérature, 2017, S. 94-145.
- Sontag, Susan. Illness as Metaphor. Farrar, Straus and Giroux, 1977.
- Sunnen, Myriam. „Protéger, conserver: les intellectuels luxembourgeois de la première moitié du XXe siècle face à la nature.“ Kulturökologie und ökologische Kulturen in der Großregion, erausgi vum Sébastian Thiltges a Christiane Solte-Gresser. Peter Lang, 2020, S. 193-210.
Umierkungen
- 1 Zum Beispill am Feuilleton vum 17. Dezember 1919 oder an deem vum 3. Juli 1926.