Skip to main content

D’Heemecht liesen: D’Heemecht liesen: Buchbespriechungen am Batty Weber sengem Abreißkalender

D’Heemecht liesen
D’Heemecht liesen: Buchbespriechungen am Batty Weber sengem Abreißkalender
  • Show the following:

    Annotations
    Resources
  • Adjust appearance:

    Font
    Font style
    Color Scheme
    Light
    Dark
    Annotation contrast
    Low
    High
    Margins
  • Search within:
    • My Notes + Comments
    • Notifications
    • Privacy
  • Project HomeDem Batty Weber säin Abreißkalender (1913-1940)
  • Projects
  • Learn more about Manifold

Notes

table of contents
  1. Coverbild
  2. Titelsäit
  3. Impressum
  4. Logoen
  5. D’Heemecht liesen: Buchbespriechungen am Batty Weber sengem Abreißkalender
    1. Sentimentalitéit als Faktor vun der Subjektivéierung
    2. Liesen an der Heemecht
    3. An der Heemecht liesen vs d’Heemecht liesen
    4. Beheemechtung, national Identitéit a Geschichtsverständnis
    5. Beheemechtung a Konsekratioun duerch d’Literatur
    6. Fazit
    7. Literaturverzeechnes

D’Heemecht liesen: Buchbespriechungen am Batty Weber sengem Abreißkalender

Anne-Marie Millim

Den Abreißkalender spigelt dem Batty Weber säin Erliewe vun der Welt an hire materiellen, sensuellen, intellektuellen an natierlechen Dimensiounen. Seng heefeg Spadséiergäng fannen eng Plaz am Feuilleton, genee wéi seng Theater- a Concertsvisitten oder seng Beobachtunge vum Himmelsbild. Ganz oft erwäänt de Weber och Bicher vun alle Genren, déi hie grad liest oder rezent gelies huet. Hien deelt awer och Lieserënnerungen, déi wäit an der Vergaangenheet leien. D’Pallett vun de Bicher, déi am Abreißkalender Erwänung a Bespriechung fannen, ass wäitreechend: De Weber bréngt Bicher aus dem In- an Ausland a seng Feuilletonen, sou wéi Neioploen, Broschüren, Romaner, Geschichtsbicher a Sachbicher aus villen Disziplinnen. Wann eent vun den Haaptziler vum Abreißkalender et ass, de Lieser mat sengem lokalen an nationalen Ëmfeld méi vertraut ze maachen an em Vertrauen ze ginn an den eegene Verstand, kritesche Geescht a Goût, dann ass et dem Weber och wichteg, dem Lieser seng Verankerung an der Heemecht ze stäerken. Dëst informéiert Heemechtsgefill wëllt de Weber net just duerch Landschafts- a Stadbeschreiwunge schafen, mee och duerch d’Diskussioun vu Konscht, Wëssenschaft a Literatur. Sou weist d’Ënnersichung vun de Buchbespriechungen am Abreißkalender e Bestriewen, eng kulturell Verankerung net just op Lëtzebuerg ze beschränken, mee eng kosmopolitesch Approche ze verbreeden. Aus dem Weber senger Perspektiv ass Lëtzebuerg inhärent interkulturell, wéi hien a sengem Feuilleton vum 9. Juli 1915 schreift: „Sind wir nicht der Boden, auf dem die ‚Blüten europäischen Geistes‘ so frei sich entfalten können, wie nirgends sonst in Europa?“ (AK1 9. Juli 1915) Wann de Weber Lëtzebuerg als Heemecht konzipéiert, heescht dat ëmmer, datt dës Grenze porös sinn an interkulturell Vernetzung fir hie souwuel eng Norm ass, wéi en Zoustand, deen andauernd ugestrieft muss ginn. Wéi dëst Kapitel weist, ass dem Weber un enger „Beheemechtung“ duerch d’Literatur, fir en Term vum Ina-Maria Greverus ze benotzen, geleeën, wéi hien se an anere Literature beobacht, déi sech duerch en enkt Zesummespill vun Auteur, Sprooch, Text, Kontext a Lieser ausdréckt (vgl. Greverus 1972). A senge Bespriechunge vu Lëtzebuerg-zentréierter Historiografie a Fiktioun reegt hie seng Lieser net nëmmen zum Liese vun de virgestallte Bicher un, mee och dozou, dës Bicher ze kafen. De Besëtz vum Buch als materiellen Objet ass, a sengen Aen, eng wichteg Konkretiséierung vu kulturellem Bewosstsinn a kultureller Mündegkeet.

D’Bespriechung vu Wierker aus der Lëtzebuerger Historiografie a Literatur ass e prominent Instrument fir de Weber, wann hie fir d’Appreciatioun vum nationale Patrimoine plädéiert. Bei der Stéchwuertrecherche zum Begrëff ‚Buch‘ an der Abreißkalender-Datebank fanne sech 1344 Feuilletonen. 256 dovunner si Feuilletonen, déi Bicher entweder kuerz erwänen oder se méi ausgibeg beschwätzen. Wéi den Tableau 1 weist, ass d’Lëtzebuerger kulturell Produktioun am Weber sengem Feuilleton staark vertrueden. Et gëtt och kloer, datt de Roman an d’Geschichtsschreiwung déi heefegst beschwate Gattungen am Abreißkalender sinn.

Tab. 1: Provenance a Gattung vun de Buchbespriechungen am AK (noutgedrongen onvollstänneg)
PublikatiounsplazUnzuel (ca.)Verdeelung
Lëtzebuerg/Lëtz. Auteur9540.3%
Däitschland8234.7%
Frankräich3514.8%
Onbekannt/Aner (USA, Belsch, Éisträich,…)2610.2%
GattungUnzuelVerdeelung
Fiktioun10544.5%
Geschicht4719.9%
Sachbuch3314%
Artikel (Zeitung, etc.)125.1%
Reesbericht114.7%

Wat dëse graff konzipéierten Tableau och weist, ass, datt dem Weber säi Lieshorizont sech erstreckt vu lokale Publikatiounen a Studien iwwert de lokale Kontext op Publikatiounen ënnert anerem aus anglofonne Kontexter, groussen a klenge Literaturen, an enger Villzuel vu wëssenschaftlechen Disziplinnen. D’Provenance vun de Bicher, déi am Abreißkalender virkommen, ass iwweraus variéiert, sou datt zum Beispill am November 1921 dem Fransous Jean Sarment säi Stéck Der Schattenfischer (Le pêcheur d’ombres, 1921; vgl. AK 6. November 1921), dem Englänner Jerome K. Jerome säi Roman Three Men on the Bummel (1900; vgl. AK 10. November 1921) an dem bretoneschen Auteur Louis Hémon säi Roman Marie Chapdelaine (1916; vgl. AK 30. November 1921), deen a Kanada erauskoum, ausgibeg beschwat ginn.

Allgemeng kann ee feststellen, datt de Weber d’Buchbespriechung als Fundament asetzt, fir déi Lies- a Liesergemeinschaft, déi säi Feuilleton soll schafen, ze etabléieren. Seng Bespriechunge variéiere staark am Toun, an der Form an an der argumentativer Richtung, a sinn oft en Ausgangspunkt, fir eng generell oder spezifesch Thematik oder Problematik ze beschwätzen. De Weber geet awer och reegelméisseg vun enger sozio-politescher Situatioun aus, fir d’Relevanz vun enger Publikatioun ze etabléieren, ier en hiren Titel nennt. Fundamental ass beim Feuilleton, datt säin Titel (Abreißkalender) net, wéi bei deene meeschte Rezensiounen, schonn erkenne léisst, datt e Buch wäert beschwat ginn a wéi eent et ass.

Wann den Abreißkalender laut dem Cornel Meder als dem Weber säin Opus Magnum unzegesinn ass, ass en och ouni Zweifel eng Institutioun vum Liesen. Säit sengem Ufank de 25. September 1913, presentéiert sech den Abreißkalender als eng Liesergemeinschaft tëschent dem Feuilletonist a sengem Publikum. Net nëmmen ass de Batty Weber a senger Feuilletonistepersona de Vor-seher, dee seng Lieser zu enger méi engagéierter Beobachtung vun hirem natierlechen, architektoneschen a kulturellen Ëmfeld animéiert. Hie funktionéiert och als e Vor-leser, dee sengem Public säin eegene Lieskonsum nobréngt. An senger Eegenduerstellung als Feuilletonist vermëttelt de Weber seng kulturell Féierungsroll net als demonstrativ Leadership, mee als en Deele vun Erliefnisser tëschent gläichwäertege Participanten an enger gemeinsamer Realitéit. De Feuilleton vum 25. Mäerz 1914 gëtt oft zitéiert, well en als dem Weber säi Manifesto als Feuilletonist ka gesi ginn:

„Ich gehöre zu den Leuten, die keinen Genuß für sich monopolisieren wollen und nicht ruhen, bis sie ihn andern auch vermittelt haben.

Das beruht vielleicht darauf, daß eine Verlängerung, eine Vertiefung sozusagen des Genusses darin liegt, daß man seine Eindrücke und Erinnerungen darüber austauscht. Um dies zu können, muß man sich eben gleichgestimmte Seelen schaffen.

Das alles gilt in erster Reihe von den Büchern. Ich habe hier schon wiederholt von Büchern gesprochen, die mich freuten oder bloß interessierten. Heute möchte ich einiges aus einem Band hersetzen, den ich mir kürzlich anschaffte und in dem ich dieser Tage mit steigender Teilnahme las.

Er heißt: ‚Allerlei Leute und allerlei Gedanken‘ von Heinrich Hansjakob.“ (AK 25. Mäerz 1914)

De Weber stellt sech hei net als objektiven, quasi-anonymmen, Kommentator duer, mee als Animateur, deen seng eegen Affektéierbarkeet, Genëss an och Lieserliefnisser als didaktesch Strategien asetzt. An dësem Extrait gëtt d’Zentralitéit vum Weber sengem perséinleche Lieserliefnis ersiichtlech. D’Gemäässegtheet vun den Terme „Freed“ a „bloussen Interessi“ als Selektiounskrittäre fir déi beschwaten oder erwäänte Bicher accentuéiert eng gewollten Differenzéierung vun der Tâche vum Feuilletonist an där vum Rezensent. Dem Feuilletonist ass et erlaabt, seng perséinlech Reaktiounen ze deelen an de Choix vun de Bicher arbiträr ze treffen, wougéint de Rezensent gattungshistoresch oft d’Flicht huet, déi Bicher ze evaluéieren, déi der Redaktioun zougeschéckt ginn, an sech op eng Rei vu méi oder manner festgeluechte Qualitéitskrittäre baséiere muss. Et ass wichteg, dës Entscheedungsfräiheet am Feuilleton ervirzehiewen, well se weist, datt déi Bicher, déi de Weber sengem Publikum virstelle wëllt, him gëeegent schéngen, fir spezifesch kulturpolitesch an intellektuell Reflektiounen ze lancéieren.

An der gattungsgeschichtlecher Traditioun stinn sech d’Rezensioun an de Feuilleton no, well se allebéid Publikatiounsphänomener vum 18. Joerhonnert sinn, a well sech hir reflektiv Dimensiounen oft iwwerschneiden. Den didaktesche But vun dësen zwee Formater ass änlech: De Lieser soll wichteg kulturell Produktioun vun onwichteger ënnerscheede léieren, soll informéiert ginn iwwer beräicherend Innovatioun, a gewarnt gi virun Enttäuschung, Zäitverschwendung oder Propaganda. Wéi den Ernst Meunier an den Hans Jessen schonn 1931 festhalen, funktionéiert de Feuilleton als eng Zort „Fortbildungsschule der Erwachsenen“, fir déi d’Liese vu Bicher eng „Unwirklichkeit und Unwahrscheinlichkeit“ war (Meunier und Jessen 1931, 12). De Feuilletonsgenre ass gezeechent vu rhetoreschen an thematesche Spréng, déi d’Stëmmungen an d’Interesse vum Feuilletonist reflektéieren. Folglech füügt sech d’Buchbespriechung oder -erwänung am Abreißkalender an an déi semi-literaresch Konstruktioun vu Wierklechkeet, déi fir de Feuilleton typesch ass.

Bei der Gattung vun der Rezensioun ass dem Verfaasser seng Emotivitéit historesch net ëmmer gewënscht a gëtt oft explizit decouragéiert. D’Astrid Urban ënnersicht an hirer Etude Kunst der Kritik vun 2004 d’Rezensioun vun der Spéitopklärung bis zur Romantik am däitschsproochege Raum. Reflektiounen zum Spektrum vun der Positionéierung vum Rezensent duerch Toun, Haltung an Urteel fänken u mat der Gelehrtenrepublik an der Opklärung, wou de Rezensent déi néideg Kritik ausüübt, fir d’Gesondheet vun der Gesellschaft oprechtzeerhalen (vgl. Urban 2004). D’gattungsspezifesch Trajectoire vun der Opklärung bis d’Romantik, déi d’Urban zeechent, beweegt sech vun enger staarker Dominanz vum Immanuel Kant (1724-1804) senger Insistenz op der Rezensioun als Instanz vu Vernonft hin zu enger Subjektivéierung vun der Kritik, virun allem artikuléiert duerch en individuelle Stil. Fir de fréien Theoretiker vun der Gattung, Johann Christoph Greiling (1765-1840) muss de Rezensent zum Beispill 6 Qualitéiten opweisen, fir seng Flicht vis-à-vis vun der Wëssenschaft ze erfëllen. Dës si Publizitéit, Objektivitéit, fachlech Kompetenz, Fräiheet, Onviragehollheet an hermeneutesch Fäegkeeten. An dëser Perspektiv soll eng Rezensioun kléngen, sou d’Urban: „als wenn sie der Vernunft in abstracto selbst entsprungen wäre“ (ibid., 19) a muss vun engem strikte Rationalismus gezeechent sinn. Den Toun vum Kritiker muss, dem Greiling no, „edel und würdig“ sinn an dofir ouni „individuelle Stilfärbungen“ (ibid., 23). An der ALZ (Allgemeine Literatur-Zeitung), déi 1785 erauskoum, ass den Toun net virgeschriwwen: „Die Aufgabe des Kritikers liegt in der ALZ gerade darin, einen ‚Ton‘ zu finden, der der Redesituation und dem Gegenstand der Kritik angemessen ist. [Er] kann ihn nicht einfach abrufen, er muss ihn treffen“ (ibid., 47). Mam Gotthold Ephraim Lessing (1729-1781) gëtt dës Individualitéit vun der kritescher Expressioun zu engem strategesche Prinzip. D’Autoritéit vum Kritiker, sou d’Urban, staamt beim Lessing „allein von der unabhängigen Position des selbstständig Beurteilenden“ dee stellvertriedend fir d’Allgemengheet schwätzt (ibid., 66). Beim Friedrich Schlegel (1772-1829) versteet sech den „Ich [des Rezensenten; Um. v. d. Verf.] nicht als repräsentativ, sondern als exzeptionell. Auf die betonte Subjektivität, die demonstrative Abkehr von all dem was als kollektive Absicht vorgestellt wird, gründet sich ihr Urteilsspruch“ (ibid.). Beim Johann Gottlieb Fichte (1762-1814) trëtt d’Fuerderung no engem „objektiven, allgemeingültigen Urteil“ ganz an den Hannergrond (ibid., 80). Natierlech ass dës Beliichtung vun de Gattungserscheinungen vun der Rezensioun onkomplett an natierlech musse fir eng fundéiert Kontextualiséierung vun de literaturkritesche Praktiken zu Lëtzebuerg d’Tendenze vum 19. an 20. Joerhonnert a Betruecht gezu ginn, sou wéi och Erscheinungen a Frankräich an an der Belsch. Trotzdeem erméiglecht der Urban hir Ëmräissung vun den Evaluatiounskrittären an der däitscher Literaturkritik vum 18. Joerhonnert eis et, d’Buchbespriechung am Feuilleton als e Stadium vun avancéierter Subjektivéierung anzeschätzen, wat den Toun, d’Struktur an d’Thematik vun der Bespriechung ugeet.

Sentimentalitéit als Faktor vun der Subjektivéierung

Wann och dem Batty Weber seng Feuilletonen vun enger sympathescher, zougänglecher a scheinbar frëndschaftlecher Persona gezeechent sinn, enthale si keng autobiografesch Konfessioun a keng Revelatioune vum Auteur sengem Privatliewen. D’Subjektiviéit vum Erzielmodus ass, wéi gewosst ass, e Mëttel, fir de Lieser ze erreechen an ze beweegen, éischter ewéi intim Matdeelungen ze iwwermëttelen. Se äussert sech oft duerch Beschreiwungen a Reflektiounen, déi souwuel dem Feuilletonist seng eege Gefillsregungen duerchschénge loossen, wéi och beim Lieser Gefiller sollen ausléisen. Dem Lieser seng emotional Reaktiounen, haut, an an alle Stadie vun der Publikatiouns- a Reeditiounsgeschicht vum Abreißkalender, stamen zum Deel vun enger gewësser Dankbarkeet iwwert d’Averständnis bei Froen, déi relevant bleiwen. Dem Weber seng onermiddlech Fuerderungen nom Schutz vun de Beem, der fotografescher Dokumentatioun vun ofgerappten Haiser an Iess- an Drénkgeleeënheeten op Tourismus-Hotspots wierken och haut nach aktuell. Seng Ausdauer an der Schafung vun engem Geschichtsbewosstsinn zu Lëtzebuerg a seng Opfuerderung zur Beschäftegung mam kulturellen, natierlechen an architektonesche Patrimoine ass iwwert d’Generatiounen hi relevant bliwwen. Dem Weber seng Sentimentalitéit, Emouvéiertheet an Echaufféiertheet, déi de Lieser animéiere sollen, eng Mündegkeet als kulturellen Agent ze entwéckelen, ënnermaueren dem Abreißkalender seng Wichtegkeet als Oeuvre. Si sinn en integralen Aspekt vun der Feuilletonsgattung, déi sech duerch hiert „Streben nach möglichst lebendiger, Interesse weckender Darbietung“, wéi den Hermann Haufler 1928 bemierkt huet, auszeechent (Haufler 1928, 5). Duerch säi Stil, seng gefillvoll Réckblécker an d’Vergaangenheet a seng Affektioun fir d’Lëtzebuerger Landschaft a Kultur, sou wéi och duerch d’Schafung vun engem Gefill vun Zougehéieregkeet zu verschiddene lokalen, nationalen a supranationale Gemeinschaften, kreéiert de Weber oft e feel-good Environnement am Abreißkalender.

Dës Dimensioune vum Zougehéieregkeetsempfanne ginn duerch eng methodesch agesate Sentimentalitéit am Stil an an der Argumentatioun facilitéiert. Natierlech ass dës emotional Ebene net déi eenzeg, op där den Abreißkalender operéiert, well de Weber se mat niichteren, rationellen an och poleemesche Kommentaren ausbalancéiert. Dës stilistesch an argumentativ Mixitéit ass, dem Christian Jäger an Erhard Schütz no, fir d’Feuilletonsgattung konstitutiv, wéi si an hirer Etude vun 1999 betounen (vgl. Jäger und Schütz 1999). De Feuilleton ka fir si „als ein Medium betrachtet werden, das sich mit der Konstruktion von Wirklichkeit auf verschiedenen Ebenen befasst. Hier wird bewertet und formuliert, gespiegelt und gestaltet, Tag für Tag“ (ibid., 10). Wéi de Jäger an de Schütz bemierken, geet et hei esouwuel ëm eng Schafung wéi ëm eng Spigelung vu Wierklechkeet. D’Irmgard Wirtz bezeechent dëst duaalt Potenzial vun der feuilletonistescher Imaginatioun 1997 als eng „Fiktion des Faktischen“ déi op Basis vu „spezifischen Sinneserzeugnismöglichkeiten“ eng „besondere Form von Geschichtsschreibung“ duerstellt (Wirtz 1997, 35).

Den Term Sentimentalitéit designéiert tendenziell eng iwwerdriwwen emotional Approche zur Welt a steet, anescht wéi nach an der Opklärung, fir eng irrationell, oniwwerluechten a schwülsteg Manéier, Decisiounen ze huelen a Jugementer ze maachen. De Virworf, dee bei dësem Term matschwéngt, ass dee vun der Indulgence am Gefill an am onkritesche Genoss vu Sensatioun, Identifikatioun a Confort. Och de Weber ass kritesch, wat Sentimentalitéit ugeet, wéi sech z. B. a senger Bespriechung vum Roman Berels Berta, eine Bauerngeschichte aus dem Luxemburgischen vum J. P. Zanen vun 1939 weist:

„Man darf nicht denken, daß bei solcher Robustheit des Gefühlslebens Herz und Gemüt zu kurz kommen. Das Buch ist mit Sentimentalität geölt und verrät allein schon darin, daß der Verfasser in den Verhältnissen, die er schildert, genau Bescheid weiß. Raffinierte Menschen sind nicht sentimental. Die Sentimentalität ist ein Vorrecht der schlichten Gemüter, die ahnungslos dem Genius der Gattung auf den Leim gehen, wenn er die Härte, zu der sie das Leben zwingt, für seine Zwecke einschmilzt. Aber dann hilft ihnen ein gesunder Egoismus wieder auf festes Land.“ (AK 13. Oktober 1915)

An dësem Kommentar iwwerweit eng pejorativ Opfaassung vu Sentimentalitéit als eng simplistesch emotional Indulgence. Trotzdeem schwéngen aner Dimensioune mat, déi fir dem Weber seng Kommunikatiounsmethod a säi Literatur- a Kulturverständnis grondleeënd sinn. Wéi aus dem bekannten Artikel „Über Mischkultur in Luxemburg“ (1909) ervirgeet, ass fir de Weber d‘„Unmittelbarkeit“ vun der literarescher Expressioun decisiv fir e gelongenen Text, a ka fir hien (bal) nëmmen duerch eng als organesch virgestallte Verwuessenheet vum Auteur an deem beschriwwene Kontext entstoen. Dës Onmëttelbarkeet, déi de Weber bei Berels Berta erkennt, artikuléiert sech duerch Sentimentalitéit, där implizit e Verdéngscht zougeschwat gëtt. An engem nächsten, méi elaboréierte Schrëtt, stellt de Weber d’Sentimentalitéit awer erëm als Romantiséierung an eesäiteg Verschleierung duer. Grondsätzlech kann ee soen, datt d’Sentimentalitéit am Abreißkalender e literarescht Vehikel ass, fir Bedeitung ze schafen, Undeelhuelen ze encouragéieren an eng assuréiert Kenntnis vun engem Kontext ze vermëttelen. Hei weist sech eng aner Charakteristik vum Abreißkalender als Korpus: d’Virkommen an d’Akzeptanz vu Kontradiktiounen an der Argumentatioun, souwuel an der longue durée, wéi och an eenzele Feuilletonen.

Beispiller vu methodesch a stilistesch agesatener Sentimentalitéit ginn et der am Abreißkalender vill. Den 28. Juli 1932 kommentéiert de Weber zum Beispill a sengem Feuilleton d’Wichtegkeet vum Hermann Eris Busse, engem badeschen Auteur, vun deem hie senge Lieser ëmmer erëm schreift. De Weber gesäit de Busse als Virbild fir e potenzielle Lëtzebuerger Heimatdichter, well hien d’Séil vun der Regioun a Wierder faasst:

„Diese Bücher sind nicht geschrieben, sie sind gewachsen. Man verliert sich hinein, wie in die Heimlichkeiten des Hochwaldes und wie in das Wogen der Kornfelder oder in die Einsamkeit schlafender Ackerbreiten. Die Sprache Busse’s hat einen Rhythmus, eine Seele, einen Zauber, wie sie nur Äußerungen eigen sind, die ohne Umweg über Buch und Schule unmittelbar aus einem tiefen Gedanken- und Gefühlserdreich kommen. Sie ist schön und stark aus Instinkt und darum ist sie nicht von heute oder gestern oder morgen, sie ist von immer, wie die Seelen der Menschen, deren Regungen sie begleitet wie das Rauschen die Welle. Sie ist wie die Substanz selbst dieses starken, sturen Lebens, das sich in ewigem Kampf gegen blinde Kräfte verhärten muß und im Innern doch so weich ist wie alles Gütige und Wahre.“ (AK 28. Juli 1932)

Fir de Weber weist sech am Busse sengem Wierk déi perfekt Verwuessenheet vun Auteur, Sprooch, Text a Kontext, déi et méiglech mécht, de Lieser produktiv ze erreechen. De Weber gesäit hei déi ideal literaresch Erzielung net als konstruéiert, mee als e Produkt, dat organesch aus dëse véier ontrennbare Komponente gewuess ass. Wou de Roland Barthes an de 1960er argumentéiert huet, datt den Auteur nom Schreiwen net méi mam Text connectéiert ass, ass fir de Weber beim Busse d’Verbindung tëschent de véier Komponente virun an och nom Verfaassen intakt (vgl. Barthes 1977). D’Literarizitéit, oder d’Sprooch, kënnt aus den Déifte vun der Interioritéit vum Auteur, reflektéiert d’Exterioritéit vum spezifesche Kontext an ass zäitlos. D’Sentimentalitéit vum Weber senger Sprooch an dësem Feuilleton ass charakteriséiert duerch d’Erhiewung vun individuell feststellbare Mierkmoler vum Busse senge Bicher, déi de Weber als universell an als kontextlos a gläichzäiteg als kontext-spezifesch duerstellt. Déi gewollte Spezifizitéit vun de Felder a Bëscher duerch bestëmmten Artikelen, kombinéiert mam Indefinitpronomen „man“, soll dem Lieser souwuel Identifikatioun, wéi och Verständnis fir dat Anert oder dat Méiglecht bréngen. D’Sentimentalitéit kommunizéiert dem Weber säi Glawen un de Wäert vun der Literatur, de Genie vum Auteur, an de Respekt virun engem Liewen, dat vun Alteritéite gepräägt gëtt. Zweifellos kënnt eis dësen Extrait iwwerdriwwen emotional vir, a mir stéieren eis eventuell un der Spiritualitéit, déi matschwéngt, oder um prononcéierte geografeschen Determinismus. Dës Äusserunge sinn de Géigendeel vu wëssenschaftlecher a kënschtlerescher Oppenheet a verstréimen en Toun deen typesch ass fir propagandistescht Schreiwen. Am Abreißkalender muss een d’Sentimentalitéit awer souwuel als Ureegung fir eng Lëtzebuerger Heimatliteratur gesinn, wéi och als Ausdrock vun enger mat grousser Selbstverständlechkeet gedeeltener supranationaler an interkultureller Lieserfahrung.

Liesen an der Heemecht

De But vun de Buchbespriechungen am Abreißkalender war et fir de Weber, d’Distributioun an de Verkaf vu Bicher ze kommentéieren an unzereegen, awer och op Wierker vu groussem Interêt hinzeweisen, ob zu Lëtzebuerg publizéiert oder am Ausland. Fir d’Erwaardungen an d’Aschätzunge kënnen ze verstoen, déi de Weber der Lëtzebuerger Literatur, in potentia an de facto, entgéintbréngt, ass et wichteg, nach eng Kéier op den Artikel „Über Mischkultur in Luxemburg“ vun 1909 ze verweisen (Weber 1909). Dëse villzitéierten Artikel ass, wéi d’Sonja Kmec sot, éischter eng Skizz vun enger Identitéitsbeschreiwung wéi en ausgebauten Identitéitsmodell (vgl. Kmec 2014). Den Artikel ass wichteg, well de Weber hei net nëmme säi Glawen un d’Relevanz vun der lëtzebuergescher Sprooch ënnersträicht, mee och well seng Onsécherheete bezüglech der kultureller Mündegkeet vu Lëtzebuerg zum Virschäi kommen. Zwar insistéiert hie selbstbewosst, datt d’Lëtzebuerger intellektuell sophistiquéiert sinn, well se als Kulturgenéisser Qualitéit an der Konscht, der Literatur an an anere Gebräicher erkenne kënnen. Trotzdeem ass seng Ausso „Der Luxemburger hat überhaupt keinen Schriftsprachencharakter“ (Weber 1909, 124) vu grousser Konsequenz, well se Lëtzebuerg als kulturell onfäerdeg an onfäeg etabléiert. Natierlech ass de But vu sengem Artikel, op eng Attack vun engem Journalist ze reagéieren, dee Kultur, Mischkultur an Zweesproochegkeet als Ursaach vu geeschteger Sterilitéit gesinn huet. Och wann de Weber insistéiert, datt esou eng kleng Bevëlkerung, wéi Lëtzebuerg se huet, e gudde Standard vu Kulturproduktioun opweist, ass säin eegent Argument awer staark vun der Denkweis vum Ugräifer gepräägt:

„[Es]scheint mir der Geburtsfehler des Gedankens darin zu liegen, dass er von einer zu engen Fassung des Kulturbegriffs ausgeht. Er setzt offenbar Kultur gleich mit positiver Bildung und mit der Befähigung zum Hervorbringen rein geistiger Kulturgüter, als die wiederum nur Werke der Literatur in Betracht zu kommen scheinen.“ (ibid., 121)

An dësem fundamentalen Artikel erschéngt d’Lëtzebuerger Literatur als nach net existent. Am Kontext vum Abreißkalender gëtt awer kloer, datt fir de Weber d’Aktivitéiten am Lëtzebuerger Publikatiounswiesen als Confirmatioun vu kultureller an nationaler Eegestännegkeet gëllen.

Am Laf vum Abreißkalender beschäftegt de Weber sech ëmmer erëm mat der Schafung vun der Lëtzebuerger Literatur souwéi vum Lëtzebuerger Publikum. Fir de Wäert vun der Lëtzebuerger Literatur an dee grousse Besoin derfir ze ënnersträichen, reportéiert de Batty Weber de 27. Juni 1925, datt déi däitsch Zeitung Stuttgarter Neues Tagblatt e Literatur-Concours ausgeschriwwen huet fir d’Kategorie „Schwabenroman“. Hien hëlt dëst Evenement als Ulass, fir iwwert d’Existenz, de Status an d’Konstituéiertheet vum Heimatbuch zu Lëtzebuerg nozedenken. Laut der Zäitschrëft Landwuel hätt Lëtzebuerg scho „säin“ Heimatbuch, sou de Weber, mam Jacques Kintzelé sengem Roman Auf der Wasserscheide vun 1924 (vgl. Abb. 1; Kintezlé 1924).

Abbildung 1: Kintzelé, Jacques. Auf der Wasserschneide: ein Roman von der Luxemburger Erde. Paul Faber, 1924.
Abbildung 1: Kintzelé, Jacques. Auf der Wasserscheide: ein Roman von der Luxemburger Erde. Paul Faber, 1924.

De Weber hannerfreet d’Méiglechkeet, een eenzelt Wierk als Heimatbuch schlechthin ze kategoriséieren: „Gibt es das überhaupt? Darf man in irgendeinem Land von ‚dem‘ Heimatbuch reden?“ Hie wiert sech souwuel géint d’Sonderstellung oder d’Erhiewung vun engem eenzele Wierk als repräsentativ fir déi flou Notioun vun Heemecht ze kommunizéieren an och géint déi exklusiv Associatioun vun Heemecht mam Bauerewiesen. D’Realitéite vun der Landwirtschaft si fir hien nëmmen en Deel vun der Lëtzebuerger Existenz. Hie schléisst säi Feuilleton of mat enger Iwwerleeung, déi déi fundamental Dimensioune vu senger Aschätzung vun ausdrocksfäeger, geschoulter an ästheetesch wäertvoller Literatur ausdréckt:

„Wer dem Luxemburger Land seinen großen Heimatroman schenken wollte, der müßte nicht nur die ‚tiefsten Probleme‘ unseres nationalen Daseins allseitig erfaßt haben, sondern imstande sein, sein Wissen darum in einem ‚wirklichen Kunstwerk‘ zu gestalten.

Ob einer, der das könnte, von einer luxemburger Mutter schon geboren wurde?“ (AK, 27. Juni 1927)

Bei senger Evaluéierung vun de Krittäre vum Stuttgarter Concours am Lëtzebuerger Kontext stiechen d’Notioune vum literaresche Geschenk, vun der Heemecht, vun der nationaler Identitéit, Konstitutioun a Geschicht, vum Erliefnis an der Erliefnisfäegkeet vum Auteur a vum kreativen Talent ervir. En Text, deen dës Krittären erfëllt, géif, dem Weber no, duerch Identifikatioun eng literaresch Beheemechtung erméiglechen.

Wéi gesäit dës Beheemechtung duerch d’Literatur fir de Weber aus? A wéi engem Sënn kéint den Heemechtsroman als Geschenk funktionéieren? Wat gëtt geschenkt? Wat bedeit et, d‘„Heemecht ze liesen“? Ech baséiere mech bei dëser Formulatioun op d’Leitmotiv vum Andreas Schumann senger Etude Heimat denken aus senger Etude, déi sech mat regionalem Bewosstsinn an der Literatur befaasst (vgl. Schumann 2002). Seng Begrëffsbestëmmung vun Heimat motivéiert de Schumann follgendermoossen:

„[Heimat als] Schutzzone und Verteidigungsraum bedingen einander und prägen menschliches Handeln in der Umwelt. Durch das Sprechen ‚über‘ Heimat, auch und gerade in kultureller und literarischer Hinsicht, können sich Individuen und Gesellschaften unter diesen Voraussetzungen ihrer Umwelt vergewissern.“ (ibid., 9)

Dem Schumann sengen Ënnersichungen no ass säit dem 18. Joerhonnert d’Literatur dat ideaalt Medium, fir Heemecht ze denken, well si de But huet, en ëffentlecht Bewosstsinn ze formen. Si bitt och Strukture vun der Selbstvergewësserung, zu deenen d’Lieser ëmmer erëm zeréck kënne fannen. Si kommentéiert dem Schumann no och zäitgenëssesch geschichtlech Entwécklungen a setzt sech mat nationalstaatlechem Denken auserneen.

Dat literarescht Geschenk, vun deem de Weber a sengem Feuilleton schwätzt, ass eng Notioun, déi hie ëmmer erëm opgräift. Hie wëllt domat verdäitlechen, datt Literatur an Historiografie fir en Individuum an eng Kollektivitéit transformativ kënne wierken, andeems se eng ideologesch Beheemechtung erméiglechen. De Public, deen de Weber wëllt schafen, fir d’Beschäftegung mat der Lëtzebuerger Kultur weiderzedreiwen, ass net nëmme literaresch, mee och historesch interesséiert. Wann ech an dësem Artikel iwwer d’Roll vum „Heemecht liesen“ beim Weber nodenken, da fléissen d’Dimensioune vun der Literatur an der Historiografie aneneen, wat d’Méiglechkeet vu kultureller Mündegkeet ugeet. Béid Dimensioune si fir de Weber en Deel vum literaresche Feld.

An der Heemecht liesen vs d’Heemecht liesen

D’Heemecht an hirer physescher, politescher, sproochlecher a kultureller Partikularitéit wouerzehuelen, se duerch d’Erkenne vu Musteren ze liesen, ze beschreiwen a fir aner Lieser liesbar ze maachen, kéint een als den Haaptbut vum Abreißkalender gesinn. Ech wëll an dësem Deel weisen, datt de Weber d’Lëtzebuerger Literatur an Historiografie a sengem Abreißkalender asetzt, fir eng fundéiert kulturell Beheemechtung ze schafen. Dës war a sengen Aen noutwenneg, fir eng produktiv a gefestegt national Identitéit entstoen ze loossen. Ech wäert domat u meng Aarbecht vun 2017 uschléissen. Deemools hunn ech argumentéiert, datt de Weber als informellen Historiker vum Alldag unhand vun der uspriechender Duerstellung vun Uerter, Haiser an Objete senge Lieser e kulturellt Gediechtnes wollt bidden. Esou wollt hie géint d’Kultur- a Geschichtslosegkeet ukämpfen, déi hien a sengem Ëmfeld observéiert huet. Haut géif ech de Begrëff Chroniqueur deem vum Historiker virzéien, well de Weber wuel Verbindungspunkter tëschent Evenementer zitt, an der longue durée denkt an och iwwert d’Verknäppung vu Politik, Ekonomie a Kultur nodenkt, dëst awer net op déi methodesch an objektivitéitssichend Manéier mécht, déi ee mat Historiografie associéiert. Den Accent ass op historeschem Interessi an dem moralesche Bedierfnis vun der Vergangenheets- a Géigewaartspreservatioun, awer manner op akademescher Ënnersichung.

Wéi 2017 schéngt mir och elo nach dem Weber seng Roll als Proponent vu Kultur- a Geschichtsbewosstsinn primordial. Kenntnis an Appreciatioun vum Hierkonftsland si keng automatesch Produite vun nationaler Onofhängegkeet, mee musse gewollt kultivéiert ginn, souwuel duerch intellektuellen Interessi, wéi och kommerziell Entscheedungen. De Feuilleton vum 10. Oktober 1930, deen sech an der Form vun engem fiktiven Dialog tëschent dem feuilletonisteschen Ech an sengem Alter Ego Herr Grimmberger presentéiert, ass eng vu villen Ureegunge vum Weber u seng Lieser, sech duerch ekonomesch Choixe fir d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Kultur anzesetzen. An dësem Text prononcéiert de Weber eng Kritik um Kaf- a Liesverhale vum Lëtzebuerger Public:

„Es ist tatsächlich eine unbegreifliche Eigenheit der Luxemburger, daß sie keine Bücher kaufen wollen. […] Sowie sie vor eine Buchhandlung geraten, erstarrt ihnen die Hand in der Tasche. Bücher! Ich bitt Sie! Das ist doch nicht etwas, was man kauft. Dafür gibt doch kein Mensch Geld aus. Bücher, die kriegt man doch überall zu leihen. Die sind nicht, wie eine Flasche Mumm: Ist die einmal getrunken, so ist sie eben passée. Aber ein Buch kann man tausendmal lesen, es kommt nichts davon weg.

[…] ‚Ein Gutes ist dabei‘, sagte Herr Grimmberger sarkastisch. ‚Daß in Luxemburg darum weniger Bücher geschrieben werden.‘

Nur schade, daß die, die nicht geschrieben werden, möglicherweise die guten wären.“ (AK 10. Oktober 1930)

An dëser lëschteg-poleemescher Ënnerriedung mam Grimmberger kritiséiert de Weber de generelle Materialismus, deen hien zu Lëtzebuerg observéiert, an deen, wéi hie bemierkt, op d’Käschte vum intellektuelle Standard an der Gesellschaft geet. Dem Weber säi battere Schlusskommentar deit op seng Kritikbereedschaft hin, sou wéi op seng Hoffnung op Entwécklung am Lëtzebuerger Literaturbetrib. Dësen Text weist déi Resistenz géint e stabilt Kulturbewosstsinn, déi de Weber mat senge Buchbespriechungen an Ugrëff hëlt. Dës kéint erklären, firwat hie Lëtzebuerger Bicher, souwuel literarescher wéi historescher, mat enger besonnesch ausgepräägter Sentimentalitéit presentéiert, wann hien se als wäertvoll empfënnt.

Beheemechtung, national Identitéit a Geschichtsverständnis

Souwuel an der Lëtzebuerger Literatur wéi an der Historiografie gesäit de Weber eng essenziell Avenue vun nationaler an individueller Selbsterkenntnis. Déi literaresch Representatioun vun enger vertrauter Realitéit an d’Verschrëftlechung vun historeschen Evenementer si fir de Weber vun onschätzbarem Wäert. Esou Wierker hëllefen dem Lieser, e Selbstverständnis ze entwéckelen, dat ouni d’Leedung vu Schrëftsteller an Historiker net kéint entstoen. Wann de Weber den 10. Dezember 1914 d’Geschichtsverständnis vun de Lëtzebuerger kritiséiert, deit hien drop hin, datt si hir inhärent Vulnerabilitéit als Mënschen an als Bierger net erkennen, well si de Fridden als Norm ugesinn. Et ass eng Serie vu Bicher vun 1909-10, déi sech mat de napoleonesche Kricher beschäftegt, mam Titel Les Luxembourgeois soldats de la France. 1792-1815 (vgl. Abb. 2; Schaack 1909/10), déi senger Meenung no dës Falschaschätzung rektifizéiere kann:

„Man muß sich in die Zeit um die vorletzte Jahrhundertwende versenken, um aus der Verblüffung über das Unerhörte des gegenwärtigen Krieges langsam hinüberzugleiten in die Vorstellung, daß dies das geschichtlich Normale ist. Daß, in der Verkürzung gesehen, das heute und das damals dicht aneinanderstehen und zwischen ihnen die Zeiten des Friedens unsichtbar versinken. […]

Charles Schaack hat vor Jahr und Tag ein Werk veröffentlicht, das jeder geschichtlich Interessierte in diesen Tagen wieder zur Hand nehmen sollte, um zu empfinden, aus welcher Wirrnis unsre nationalen Schicksale herausgewachsen und wie greifbar nahe wir noch allem sind, was vor hundert Jahren war.“ (AK 10. Dezember 1914)

An dësem Feuilleton beweist de Weber eng distinkt Fortschrëttsskepsis an invitéiert seng Lieser ze realiséieren, datt déi als progressiv empfonnte kloer Linn vun der Vergaangenheet an d’Géigewaart illusoresch ass an eng Trennung net ka gezu ginn. Hie bitt hinnen heimat eng Initiatioun an en historescht Denken, dat net explizit politiséiert ass. Hei ass ze bemierken, ass de Weber sech virrangeg u „geschichtlich Interessierte“ (ibid.) addresséiert, wann och eigentlech e gesamtgesellschaftlecht Publikum ugeschwat gëtt.

Abbildung 2: Schaack, Charles. Les Luxembourgeois soldats de la France. 1792-1815. 2 Bänn. Schroell 1909/10.
Abbildung 2: Schaack, Charles. Les Luxembourgeois soldats de la France. 1792-1815. 2 Bänn. Schroell 1909/10.

D’Etude Das Großherzogtum Luxemburg unter Wilhelm I. 1815 bis 1840, déi de Prosper Müllendorff 1921 verëffentlecht (vgl. Abb. 3; Müllendorf 1921), qualifizéiert de Weber méi aggressiv als „mehr als ein Geschichtswerk, es ist eine Chronik, die in keinem luxemburger Haus fehlen sollte“, well „[m]anches, was damals war, gleicht dem, was heute ist, wie ein Ei dem andern. Nie hat sich die Vergangenheit für die Zukunft so lehrreich erwiesen, wie hier.“ (AK 2. Oktober 1922)

Abbildung 3: Müllendorf, Prosper. Das Grossherzogtum Luxemburg unter Wilhelm I: 1815-1840. Bück, 1921.
Abbildung 3: Müllendorf, Prosper. Das Grossherzogtum Luxemburg unter Wilhelm I: 1815-1840. Bück, 1921.

De Weber widmet de komplette Feuilleton vum 2. Oktober 1921 dësem Wierk mam But, ze ënnersträichen, datt Geschichtslosegkeet zu enger presentistescher Naivitéit féiert:

„Und doch war dies Vierteljahrhundert […] das bewegteste und interessanteste unserer Geschichte. In ihm drängte sich all das Gewaltsame, Unsichere, Große und Kleine zusammen, aus dem die Grundlage unseres völkischen Bestandes sich zusammengeschweißt hat. Die Kenntnis dieses Zeitabschnittes ermöglicht uns die Analyse der Zustände von heute.“ (AK 2. Oktober 1921)

Wéi bei literaresche Wierker ass fir de Weber d’Onmëttelbarkeet vun der Verfaassung determinant fir de Wäert vum Produkt: Dem Müllendorff seng Verankerung am Kontext, seng stilistesch Fäegkeeten a seng Kapazitéit, de Lieser unzeschwätzen, maachen dëst Buch zu engem must read fir all Lëtzebuerger.

Wéi ech schonn etabléiert hunn, gëtt d’Verständnis vun der Vergaangenheet am Abreißkalender als Ganzt duerchgängeg als konstitutiv fir d’Bewältegung vun der Géigewaart duergestallt. Déi sentimental Romantiséierung vu bekannte Plazen a Praktiken ass oft eng Method, déi de Weber asetzt, fir d’Konstruktioun vun enger Identitéit ze avancéieren, déi als kollektiv empfonnt gëtt. Den Abreißkalender vum 1. Februar 1922 fänkt mat enger beschaulech-gemittlecher Zeen un, an där de Lieser sech soll an eng Dramwelt versetzen:

„Stellen Sie sich vor, ein lieber, gescheiter Mensch nimmt Sie bei der Hand und führt Sie in Ihrem Vaterhaus herum und zeigt Ihnen in verborgenen Ecken, alten Truhen und Schränken und gar in Verstecken unterm Kellerboden allerhand Kostbarkeiten, von denen Sie keine Ahnung hatten und die alle zu Ihrem Vaterhaus gehören: Sie würden ihm die Hand drücken und ihm von Herzen dafür danken, daß er Ihnen diese Schätze erst zu eigen gemacht hat.“ (AK 1. Februar 1922)

Dëse léiwe Mënsch ass, sou stellt sech eraus, de Joseph Wagner, en Ingenieur am Dummeldenger Stolwierk, deem seng Etude vun 1921 sech liest „wie eine große Familienchronik“ (ibid.; vgl. Wagner 1921). Am Kontext vun der informeller Geschichtserzéiung, déi de Weber am Abreißkalender praktizéiert, fält op, datt an dësem Fall den Historiker selwer als qualifizéiert, zougänglech a sympathesch virgestallt gëtt. Dës Duerstellung ass net just dem Luef vum Wierk aus der Perspektiv vum Rezensent zouzeschreiwen, mee si huet déi didaktesch Funktioun, Identifikatioun ze erméigleche mat enger vergaangener Zäit an engem besser verständleche Present. D’Opfuerderung dëst Buch ze liesen, wennt sech net just un historesch Interesséierter, mee ass fir all Lieser onerlässlech:

„[L]est alle dies Buch von Wagner. Ihr müßt es lesen, nicht nur die aus der Südwestecke des Landes, auf und in deren Heimatboden der liebe Herrgott das Eisen wachsen ließ, von dem wir die Liebe zur Freiheit im Blut haben, alle sollten dies Buch lesen, um sich ihr Land zu eigen zu machen.

Denn glaube mir, es ist ein seltsam gesteigertes Besitzergefühl, wenn Du über die Erde Bescheid weißt, die Dich trägt.“ (ibid.)

Abbildung 4: Wagner, Joseph. La sidérurgie luxembourgeoise avant la découverte du gisement des minettes: histoire technique du bon vieux temps. Schroell 1921.
Abbildung 4: Wagner, Joseph. La sidérurgie luxembourgeoise avant la découverte du gisement des minettes: histoire technique du bon vieux temps. Schroell 1921.

D’Verniedlechung vum Historiker als väterleche Guide soll fir de Lieser d’Geschicht vun Technik an Industrie vulgariséieren. Déi infantil Referenz op den Härgott, kombinéiert mat der organescher Presenz vum Fräiheetsstriewen, representéieren d’Buch als eng accessibel Manéier, d’Bewosstsi fir national Zougehéiregkeet ze encouragéieren. Dëst Wëssen iwwer Lëtzebuerg ass fir de Weber d’Basis fir eng kulturell an individuell Mündegkeet a gëtt als Besëtz konzeptualiséiert.

Beheemechtung a Konsekratioun duerch d’Literatur

A senge Bespriechunge vu Lëtzebuerger literaresche Wierker ass dem Weber dru geleeën, eng Notioun vun Heemecht ze schafen, an där d’intellektuell Reaktivitéit, dat kreatiivt Potenzial an déi raimlech-materiell Realitéit fusionéieren. Am Mischkulturartikel hänkt de Weber d’kulturell Mündegkeet vun de Lëtzebuerger un hire méisproocheg organiséierte Kulturkonsum. Am Abreißkalender geet hien awer wäit doriwwer eraus, andeems hie Lëtzebuerger Auteuren als Träger vun der nationaler kultureller Kompetenz duerstellt. D’Fuerschung zur Weltliteratur, déi sech mat der Bildung vun internationalen an nationalen literaresche Raim beschäftegt, erlaabt et, de Prozess vun der literarescher Ermündegung, deen de Weber am Abreißkalender ausdréit, terminologesch ze fundéieren. D’Pascale Casanova observéiert beim Etablissement vun enger Nationalliteratur eng fundamental Amibiguitéit (vgl. Casanova 1999). Op där enger Säit garantéieren international literaresch a kulturell Zentren d’Autonomie vu peripherale Literaturen duerch hier Unerkennung. Op där anerer Säit kréien dës och den Engagement mat hirem eenzegaartege Kontext oftrainéiert, well Perzeptiounskategorië vum Zentrum d’Krittäre vun der Qualitéit virginn. De Weber orientéiert sech wuel u literareschen Zentren, mee warnt d’Lëtzebuerger Auteure virun der Imitatioun vun anere Literaturen, wann hien den 21. Mäerz 1936 seet: „Daraus, daß wir leider noch vielfach unsere Anregung aus Werken schöpfen, die mit unserm völkischen Wesen nichts zu tun haben, entsteht weiter nichts, als banale Nachschöpfung. Kapellmeistermusik, um dafür ein Bild aus der Welt der Töne herüberzuholen. Angelesene Fabrikware.“ (AK 21. Mäerz 1936) Eenzeg d’Verkettung vun Auteur, Sprooch, Text a Kontext soll erstriewenswäert sinn, well dës Konstellatioun lokal Partikularitéiten an enger literarescher Sprooch erëmgëtt, déi souwuel sensibel wéi innovativ ass.

Abbildung 5: Engelmann, René. Auf heimatlichen Pfaden: Novellen und anderes aus dem Nachlaß von René Engelmann. Schroell, 1916.
Abbildung 5: Engelmann, René. Auf heimatlichen Pfaden: Novellen und anderes aus dem Nachlaß von René Engelmann. Schroell, 1916.

A senger Bespriechung vum Sammelband Auf heimatlichen Pfaden: Novellen und anderes aus dem Nachlass von René Engelmann, 1916 verëffentlecht vu senge Frënn, weist de Weber sech perséinlech immens affektéiert vun deem Geliesenen (vgl. Engelmann 1916). De 26. Februar 1916 schreift hien: „In tiefer Ergriffenheit legte ich [das Buch] aus der Hand. Gerührt, stolz und unsäglich traurig. Aber schließlich am meisten stolz auf einen Volksgenossen, der solches konnte“ (AK 26. Februar 1916). Seng eegen emotional Regungen, wéi och säi Liesrhythmus – „ohne Aussetzen“ – bezeien dem Weber seng Iwwerraschung, Freed an Erliichterung iwwert dës Decouverte. Hie presentéiert hei e posthum verëffentlecht Wierk, dat a kengem Sënn Epigonismus bedreift, mee d’Verwuessenheet vun Auteur, Sprooch, Text a Kontext beweist. Dem Weber säi Stolz op e fäegen Auteur, dee Lëtzebuerg dem Status vun der konsakréierter Kulturnatioun kéint méi nobréngen, schéngt, wéi mir virdru gesinn hunn, 1924 erëm vergiess. Dëst huet eventuell mat den Hoffnungen ze dinn, déi de Weber bei der Verëffentlechung vum Engelmann-Sammelband fillt, mee déi sech net erfëlle sollten:

„Denn diese vier Stücke sind meines Glaubens von dem stärksten Dichter, der aus unserer Erde bis heute gewachsen ist. Kritischer Geist ist freilich darin, und Sinn für die Lächerlichkeiten des Lebens auch. […]

Aber ich will ja keine Kritik schreiben. […] Ich möchte nur eines: Daß sich jeder Luxemburger, der lesen kann und verstehen, was er liest, sich dies Buch kaufte. Grade jetzt kaufte, wo es nicht sicher ist, daß wir uns übers Jahr noch Luxemburger nennen dürfen. Dies Buch ist ein Beweis dafür, daß das, woran Engelmann selbst nicht glauben wollte, die bodenständige luxemburger Intellektualität und Kultur, eine greifbare Wirklichkeit ist. […]

Dies Buch wird in unsern Büchereien zu denen gehören, die über hundert und mehr Jahre von unsern Nachfahren in Ehren gehalten werden, wenn tausend andere den Weg alles Papieres wandern müssen.“ (ibid.)

Dem Engelmann seng Sammlung ass vun enger poetescher, feinfüleger a innovativer Stëmm markéiert, déi de Weber als literaresch Essenz vun der Lëtzebuerger Kultur ugesäit, déi gewuess an net, wéi 1909 proklaméiert, „zesummegefléckt“ ass. Seng Pläng vun der Bekanntmaachung vum Engelmann sengem Wierk duerch explizit Opfuerderungen zum Liesen a Kafen a seng Hoffnung fir d’Kanoniséierung vum Wierk an d’Konsekratioun vum Auteur, deiten drop hin, datt de Weber sech eng Notioun vun enger Lëtzebuerger Nationalliteratur ausmoolt, déi d’kulturell Mündegkeet dauerhaft ënnermauert.

D’Beheemechtung duerch d’Literatur soll fir de Weber net duerch eng Usammlung vu Wierker vollzu ginn, déi d’Konstellatioun vun Auteur, Sprooch, Text a Kontext net onmëttelbar erëmginn. Doriwwer eraus kritt am Prozess vum Mündegginn de Lieser eng kloer Verantwortung fir den intellektuelle Klima zu Lëtzebuerg. Dem Weber seng Bespriechung vun der Neiausgab vum Michel Lentz sengem Spass an Iescht vum 18. Oktober 1916 (vgl. Lentz 1915) ënnersträicht d’Wichtegkeet vum Geliesginn vun der Literatur, dat zu Lëtzebuerg duerch d’Resistenz vum Public, sou wéi och duerch d’Schwieregkeeten an der Publikatioun an an der Distributioun erschwéiert gëtt:

„Wenn einer ein Volksdichter ist, sollte man annehmen, daß seine Gedichte in den Händen des Volkes seien.

Bei Lentz trifft das nicht mehr zu. Grade seine ersten, besten Lieder gehen nicht mehr von Hand zu Hand, wenige davon nur von Mund zu Mund. […]

Lentz ist ein Buchdichter, gewiß. […] Er fühlt nicht mit der Unmittelbarkeit, die der Volksdichtung eigen ist, es ist bei ihm mehr Reflexion, als Instinkt, aber er trifft das Richtige und hat die Lacher auf seiner Seite, wenn er Spaß macht, und die sentimentalen Herzen, wenn er gefühlvoll wird. Freilich, die sentimentale Seite seines Talentes ist nicht die wertvollste, und manchmal ist das Wort ‚Schmachtfetzen‘ dafür nicht zu stark.“ (AK 18. Oktober 1916)

Fir de Weber soll d’Terminologie vun der Konsekratioun an der Realitéit situéiert sinn. Sou refuséiert hien, Auteuren als duerch hiert Wierk organesch verankert ze etabléieren, wann dëst net de Fall ass. Et ass couragéiert vum Weber, den Heemechtsdichter Lentz duerch d’Betounung vun der Artificialitéit vu sengem Wierk ze enttrounen. Dës kritesch Perspektiv schaaft eng Balance fir déi Momenter, an deenen de Weber Wierker, déi Onmëttelbarkeet beweisen, wéi d’Geschichte vum Marie-Henriette Steil (1927), iwwerschwänglech lueft.

Fazit

Dëst Kapitel huet sech op dem Weber seng Bespriechung vun historiografeschen a literaresche Bicher konzentréiert, déi hien als Pilieren an engem intellektuelle Beheemechtungsprozess duergestallt huet. Opfalend ass den Asaz vu Sentimentalitéit als eng Iwwerriedungsstrategie fir d’Notioun vun Heemecht an der Kultur ze verankeren. Wann oft eng Blut- und Boden-Ideologie matschwéngt, ass dës eventuell zréckzeféieren op dem Weber seng Mefiance géintiwwer enger Heemecht, déi just op Sentiment opgebaut ass. Seng Method vun der Beheemechtung gräift dofir souwuel op Literatur wéi op Historiografie zréck, fir den Attachement un d’Natioun wëssenschaftlech a philosophesch ze ënnermaueren.

Dës Exploratioun huet veranschaulecht, datt d’Heemecht fir de Weber e Konstrukt ass, dat vu multiple Faktore gesteiert gëtt. D’Liese vu Literatur, Geschichtsschreiwung an och Kritik ass fir hien essenziell an der ideologesch-emotionaler Beheemechtung. D’Kenntnis vun der Lëtzebuerger Geschicht ass am Abreißkalender ee vun de fundamentale Piliere vun der nationaler Identitéit, vu kollektiver Zougehéieregkeet a vun intellektueller Individuatioun. D‘Verständnis vun historesche Konnektiounen, Entwécklungen an Ongereimtheeten ass fir de Weber vu primärer Wichtegkeet an der Appreciatioun vum ëffentlechen a private Raum, vu Gebräicher an neien Erfindungen, sou wéi vu Politik, Konscht a Kultur. Fir dem Weber säi Literaturverständnis ass Geschicht wichteg, fir e Rapprochement tëschent Auteur, Sprooch, Text a Kontext ze facilitéieren. D’Onmëttelbarkeet, déi um Wëssen an der Verankertheet am Kontext vum Auteur hänkt, ass och fir den Historiker signifikant sou wéi Fiktioun och lokal fundéiert ass.

Literaturverzeechnes

  1. Barthes, Roland. Image, Music, Text. Iwwersat vum Stephen Heath. Hill and Wang, 1977.
  2. Casanova, Pascale. La republique mondiale des lettres. Editions du Seuil, 1999.
  3. Engelmann, René. Auf heimatlichen Pfaden: Novellen und anderes aus dem Nachlaß von René Engelmann. Schroell, 1916.
  4. Gilles, Peter, an Anne-Marie Millim (Ersg.). Abreißkalender. Das Feuilleton von Batty Weber in der Luxemburger Zeitung, 1913 bis 1940 [digital Datebank]. 2017. https://battyweber.uni.lu. Zugriff am 1. Mai 2025.
  5. Greverus, Ina-Maria. Der territoriale Mensch: ein literaturanthropologischer Versuch zum Heimatphänomen. Athenäum, 1972.
  6. Haufler, Hermann. Kunstformen des Feuilletonistischen Stils. Beiträge zur Ästhetik und Psychologie des modernen Zeitungsfeuilletonismus. Württemberger Zeitung, 1928.
  7. Jäger, Christian, an Erhard Schütz. Städtebilder zwischen Literatur und Journalismus. Wien, Berlin und das Feuilleton der Weimarer Republik. Deutscher Universitätsverlag, 1999.
  8. Kintzelé, Jacques. Auf der Wasserscheide: ein Roman von der Luxemburger Erde. Paul Faber, 1924.
  9. Kmec, Sonja. „Batty Weber und das Konzept der ‚Mischkultur‘: ein Vorgriff auf die heutige Interkulturalitätsdebatte“. Komponistinnen in Luxemburg. Helen Buchholtz und Lou Koster, erausgi vun Danielle Roster a Melanie Unseld. Böhlau, 2014, S. 39-58.
  10. Lentz, Michel. Spâss an Iérscht: Liddercher a Gedichten fum Michel Lentz. Ed. Praum, 1915.
  11. Meunier, Ernst, an Hans Jessen: Das Deutsche Feuilleton. Ein Beitrag zur Zeitungskunde. Carl Duncker 1931.
  12. Müllendorf, Prosper. Das Grossherzogtum Luxemburg unter Wilhelm I: 1815-1840. Bück, 1921.
  13. Schaack, Charles. Les Luxembourgeois soldats de la France. 1792-1815. 2 Bänn. Schroell 1909/10.
  14. Schumann, Andreas. Heimat denken: Regionales Bewußtsein in der deutschsprachigen Literatur zwischen 1815 und 1914. Böhlau, 2002.
  15. Urban, Astrid. Kunst der Kritik: Die Gattungsgeschichte der Rezension von der Spätaufklärung bis zur Romantik. Winter, 2004.
  16. Wagner, Joseph. La sidérurgie luxembourgeoise avant la découverte du gisement des minettes: histoire technique du bon vieux temps. Schroell 1921.
  17. Wirtz, Irmgard. Joseph Roths Fiktionen des Faktischen. Das Feuilleton der zwanziger Jahre und die Geschichte von der 1002. Nacht im historischen Kontext. Erich Schmidt, 1997.
  18. Weber, Batty. „Ueber Mischkultur in Luxemburg“. Beilage der Münchner Neuesten Nachrichten, 20. Januar 1909, S. 121-124.

Umierkungen

  1. 1 D‘ Ofkierzung AK steet fir den Abreißkalender vum Batty Weber, hei an am Rescht vum Artikel zitéiert no Gilles a Millim 2017.

Annotate

Previous
CC BY-SA 4.0
Powered by Manifold Scholarship. Learn more at
Opens in new tab or windowmanifoldapp.org