Introduktioun: Den Abreißkalender als Source an der Wëssenschaft
Wéi d’Contributeuren zum Sammelband Batty Weber: Werk und Wirkung vun 2017 gewisen hunn, ass dem Weber säi Wierk mat sengen Theaterstécker, Romaner, Kuerzgeschichten an iwwer 7 000 Feuilletone villsäiteg, schaarfsënneg an uspriechend. Dem Weber seng literaresch Aarbecht erlaabt eis et, den Zäitgeescht vun der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg ze ertaaschten an se beweist dem Weber säi kritescht Denken an enger oft amüsanter, perspicacer a poetescher Sprooch. Dank enger Rei vu Bestriewungen, dem Weber säi Wierk nei opliewen ze loossen, sinn seng Texter engem zäitgenëssesche Public net onbekannt. Wäertvoll Initiativen, wéi der Josiane Weber hier Editioun vum Roman Fenn Kass (1913) vun 2001, déi reegelméisseg Re-Publikatioune vun Abreißkalender-Feuilletonen an der Zäitschrëft Ons Stad, an och d’Feuilletonssammlungen a Buchform, déi vum Tony Jungblut, respektiv vum Cornel Meder, zesummegedroe goufen, erlaben et dem intresséierte Public, sech an d’Lëtzebuerg vu vergaangene Generatiounen eranzefillen an dem Weber seng ästheetesch Expressioun kennenzeléieren. D’Neiopféierunge vun der Operett An der Schwemm, enger Kollaboratioun vum Weber mat der Komponistin Lou Koster (1922), waren 2024 e grousse Succès.
Och wann sech dës Aschätzung schwéier iwwerpréiwe léisst, wier unzehuelen, datt dem Batty Weber seng Feuilletonsserie Abreißkalender, déi vun 1913 bis 1940 an der Luxemburger Zeitung erauskoum, dee gréisste Bekanntheetsgrad huet. Opgrond vun enger Wett huet de Weber sech 1913 derzou verflicht, (quasi) all Dag e Feuilleton erauszeginn. Dëse Feuilleton huet hie mat grousser Loyalitéit, nieft senge respektiven Tätegkeeten als Chefstenograph an der Chamber (1893-1928), als Chefredakter vun der Luxemburger Zeitung (1893-1922) an als Editeur vun hirem Kulturdeel (1922-1940), erausbruecht. Seng zweet Fra, d’Emma Weber-Brugmann (1877-1964), stellt an hire Memoirë vun 1960 d’Plaz vum Abreißkalender am Weber sengem variéierten a chargéierte Alldag als zentral duer, wann si d’Period vun der Verfaassung vu Fenn Kass ëm 1913 beschreift:
„Unglaublich, was er damals, auf der Höhe seiner Schaffenskraft, leistete!
Er war Chefredakteur der ‚Luxemburger Zeitung‘, die – auch im Ausland viel gelesen – in einer Morgen- und Abendausgabe erschien und jeden Tag einen ‚Abreißkalender‘ von ihm brachte. An vier Wochentagen saß er jeden Nachmittag – neben dem Franzosen Depoin – als einziger Stenograph in der Kammer, redigierte einen kleinen Tagesbericht für die Zeitung und, mit Hilfe eines Daktylo, den großen ‚Memorial‘ der Regierung. Kam er abends um neun Uhr nachhause, fragte er fröhlich: ‚Wo gehen wir jetzt hin, Madame Weber?‘, um nach einem gemütlichen Spaziergang im Park oder einem Schlaftrunk im Kasino um 11 Uhr zu Bett zu gehen, wenn ihn nicht im Winter Theater und Vorträge, deren Kritik er noch in der Nacht für die Zeitung schrieb, bis gegen Morgen wachhielten.“ (Weber-Brugmann 1960, 51).
Aus dëser Erënnerung stiechen dem Weber seng Liewensfreed, seng Aarbechtsethik a seng Virléift, ënner Mënschen ze sinn, ervir. Dës Eegenschafte vun Energie, Verbassenheet a Gesellegkeet kennzeechnen och den Abreißkalender. Vill vun den Noriff, wéi d’Fabienne Gilbertz 2017 gewisen huet, stellen de Weber als waarmen, gesellegen, an hëllefsbereete Mënsch duer, dee ville jonke Schrëftsteller de Wee zur Publikatioun erliichtert huet (vgl. Gilbertz 2017). Allerdéngs, sou d’Gilbertz, muss een sech déi Fro, déi d’Danielle Hoenen-Gaasch schonn 1977 opbruecht hat, onbedéngt stellen: Wéi ass et ze erklären, datt dem Weber seng Zäitgenossen sech esou iwwerweiend positiv un hien erënneren? Si stellen de Weber als Vollekserzéier, nationale Stellvertrieder fir all d’Lëtzebuerger an als eng primär Figur vun enger kollektiver Lëtzebuerger Identitéit duer, wéi der Gilbertz hir perspicace Sythees vun de Noriff an de Portraiten zu Liefzäite weist. Dësen anonymen Artikel aus der Obermoselzeitung vum 25. November 1939, publizéiert zur Occasioun vum Weber sengem 80. Gebuertsdag, illustréiert de Spektrum vum Luef, dat him zoukoum:
„Batty Weber ist nicht nur unser größter Journalist; er ist auch ein Dramaturg und Schriftsteller von Format, der Deutsch und Französisch ebenso meisterhaft wie unsere Muttersprache beherrscht. Er verkörpert glänzend unsere Doppelkultur; er hat unser geistiges Leben tausendfach bereichert; er ist der vollkommenste Repräsentant unseres nationalen Typus und wenn einmal unsere nationale Daseinsberechtigung bewiesen werden müßte, dürften wir mit Stolz auf diesen hochwertigen Menschen verweisen, der bestes Luxemburgertum darstellt. […] Auch über die Grenzen des Landes hinaus ist Batty Weber anerkannt und geschätzt und wie kaum einer unserer Schriftsteller legt er vor der Fremde beredtes Zeugnis für unsere nationale Eigenart ab.“ (O.A. 1939)
Den Auteur vun dësem hyperbolesch verfaasste Jubiläumstext gesäit de Weber als Summum vun den nationalen artisteschen, intellektuellen an och kulturdiplomatesche Fäegkeeten. Hie kritt de Status vum héchste Verdéngscht am literaresche Feld. Den Enthusiasmus vum Auteur fir dem Weber säi Wierk, seng Präsenz am intellektuellen a kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg an am Ausland, sou wéi och seng Roll als Identitéitstëfter, loossen sech novollzéien. Trotzdeem fält op, datt d’Contributioune vun aneren Auteuren zur Lëtzebuerger Literatur, wéi déi vum Nicolas Ries, dem Marcel Noppeney oder dem Frantz Clément, fir der just e puer ze nennen, duerch d’Opbausche vum Weber geschmälert ginn. Eng Qualifikatioun als „beschte“ Lëtzebuerger dréckt wuel Bewonnerung fir dem Weber säin Devouement zur nationaler Kulturzeen aus, mee klamert och wichteg Verdéngschter aus, déi engem méi decidéiert sozialen a politeschen Engagement entsprangen.
Déi opfalend Verherrlechung vum Weber erklären d’Gilbertz, wéi och d’Hoenen-Gaasch domat, datt d’literarescht Feld kleng war, d’Natioun nach relativ ongefestegt an dem Weber seng Aflosstrajectoire virun allem biergerlech. De Wëllen an de Besoin, Kritik un enger Persoun ze üben, déi esou vill kulturellen Engagement gewisen huet ewéi de Weber, waren an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert kleng. Och wann de Verdéngscht vum Weber sengem Wierk keng ausgebaute Sozialkritik ass, déi beispillsweis dem Aarbechter eng Stëmm gëtt oder déi e Forum fir Whistleblowing duerstellt, kann ee soen, datt hien duerch seng schaarfsënneg, mol duuss, mol humorvoll a mol méi schneidend geäussert Kritik um Klerikalismus, der nationaler an internationaler Politik, dem Urbanismus oder der kultureller Missioun vun der Regierung, eng konstant Interventioun an dat intellektuellt, awer och dat soziaalt a politescht Liewen zu Lëtzebuerg gemaach huet.
D’Beléiftheet vum Weber zu Liefzäiten ass ënnert anerem och op déi geneeresch, thematesch a sproochlech Villsäitegkeet vu sengem Gesamtwierk zréckzeféieren. Wéi de Pierre Marson am Autorenlexikon bemierkt, kann dem Weber säi Wierk an dräi Sparten ënnerdeelt ginn, nämlech den däitschsproochege Feuilleton, déi däitschsproocheg, oft autobiografesch Erzielprosa, an dat, virun allem lëtzebuergeschsproochegt Theaterwierk (vgl. Marson 2025). De Feuilleton an d’Erzielprosa mat hiren oft rurale Schauplätz, lueden zur Identifikatioun an. D’Theaterwierk reecht gattungstechnesch vum Lustspiel, der Farce, der Operett, der biergerlecher Komödie, bis hin zu „Le Lasso“, engem Stéck, dat de Ian De Toffoli als en „drame analytique“ kategoriséiert huet (vgl. De Toffoli 2017). D’Mëschung vun Humor, duusser Kritik, gedanklecher Komplexitéit an uspriechender Sentimentalitéit stécht als Grondtenor aus dem Weber sengem Wierk ervir.
De virleiende Band konzentréiert sech op dat extensiivt Feuilletonswierk a proposéiert eng interdisziplinär, inhaltlech breetgefächert Approche. En ass eng Tentative, dee stilisteschen, ideologeschen an thematesche Räichtum vum Abreißkalender ze bändegen a produktiv ze kommentéieren. Vill vun den Artikelen goufen eng éischte Kéier als Virtrag op der Konferenz „D’Geschicht vu Lëtzebuerg duerch d’Lëns vum Batty Weber sengem Abreißkalender (1913-1940)“ den 29. an 30. Juni 2023 op der Universitéit Lëtzebuerg um Belval presentéiert, enger Initiativ vum Sébastian Thiltges a mir selwer. An dësem Kontext si mir den immense Korpus vum Abreißkalender als eng Kollektivitéit vu Fuerscher ugaangen. Ee vun den Ziler vun dëser Konferenz war et, ze iwwerleeën, wéi Fuerscher aus verschiddene wëssenschaftlechen Domainë mam Abreißkalender kënne schaffen. Wéi kann de Contenu vum Abreißkalender, deen sech um Schnëttpunkt vun oraler Erzielkultur, literarescher Imaginatioun a geziilter sozialer Observatioun befënnt, qualifizéiert ginn? Wéi operéiert dës Form vun informeller, semi-literarescher Geschichtsschreiwung? Am Kontext vun dëser Konferenz konnten d’Beräicher Sproochgeschicht, Sproochgebrauch, Literatursoziologie, Literaturwëssenschaft, Reliounsgeschicht, Stadgeschicht, Technologiegeschicht, Medezinsgeschicht an Ëmweltgeschicht mat Fuerscher aus de respektive Felder beliicht ginn.
Wann d’Contributeuren den Abreißkalender-Korpus aus enger Fuerscherperspektiv approchéiert hunn, hunn si sech sécherlech och reegelméisseg als Mënschen, Bierger a Lieser ugeschwat gefillt. Et ass schwéier, net mat enger gewësser Sentimentalitéit un de Batty Weber erunzegoen oder se net am Laf vum Liesen ze entwéckelen. D’Energie, den Optimismus an d’Zougänglechkeet, déi d’Abreißkalender-Feuilletonen auszeechnen, wierken an der Lëtzebuerger Kulturgeschicht wéi e Pilier vum Vertrauen an de Wäert vun der heemescher Kulturproduktioun. Si sinn e Plädoyer fir sproochlech Oppenheet a fir en éierlecht Undeelhuelen um Liewe vun deenen Aneren. An deem Sënn ass hir Lecture oft inspirant. Et ass dës emotional matrappend sproochlech an inhaltlech Attraktioun, déi eng kritesch Analys besonnesch wichteg mécht.
Wéi ech 2017 de Weber als informellen Historiker vum Alldag qualifizéiert hunn, war mäi Fokus virun allem op sengem Wëllen, d’Geschichtsbewosstsinn vu sengem Publikum ze stäerken, op senger Affinitéit fir den Detail, wat d’Beschreiwung vu Landschaft, Architektur a Mënschen ugeet, sou wéi och sengem Wonsch, Traditiounen, Gebräicher an Erënnerungen am Abreißkalender festzehalen. Haut géif ech dës Aschätzung revidéieren. Et mag stëmmen, datt de Weber de Wonsch vun engem Historiker gedeelt huet, erliefte Perspektiven a gefestegt Repèren ze bréngen. Et ass och wouer, datt de Weber sech mam Wierk vun Historiker auserneesetzt a reegelméisseg anekdotesch Fragmenter offréiert, déi fir historesch Aarbecht kënnen hëllefräich Informatioune liwweren. De Feuilleton war en intelligent gewielt Medium fir d’Wouerhuelungsfäegkeet an den Observatiounsspektrum vun de Lieser ze schoulen. Wann och de Feuilleton, e Kuerztext, deen an Europa ufanks vum 18. Joerhonnert entstanen ass, en Deel vun enger noutgedrongen an och gewollt kuerzlieweger Alldagskultur ass, ass et d’Persistenz vun der Form a vum Inhalt, déi dëser Gattung den Erëmerkennungswäert ginn an se als Pilier vum kulturelle Kommentar etabléiert. Duerch d’Siichtbarkeet, d’Erschwénglechkeet an d’Vertribsreechwäit vun der Zeitung huet de Weber mat sengem Feuilleton mat Sécherheet vill méi Lieser erreecht, wéi hien et mat Etuden oder Reminiszensen a Buchform hätt kënne maachen. Trotzdeem sinn dem Weber seng semi-literaresch Aarbechts- an Ausdrocksweisen net direkt mat deene vun engem Historiker ze vergläichen, well se zwar oft net explizit autobiografesch am konfessionelle Sënn sinn, mee sech sécher ni duerch eng professionell Objektivitéit oder eng diachron ëmfaassend Perspektiv auszeechnen.
Iwwert d’Methodik eraus ass et kloer, datt d’Markenzeeche vun der Sentimentalitéit an der Approche an an der Expressioun den Abreißkalender als historesch Source kompromettéiert. De Weber wëllt Gefiller ausléisen, wat him och bis haut geléngt. Seng Feuilletonen zeechnen sech net duerch Objektivitéit aus, mee duerch eng prononcéiert subjektiv narrativ Perspektiv, déi zwar net konfessionell autobiografesch ass, mee grondsätzlech um Prinzip vum „Ich sage, wie ich es sah“ (AK, 11.09.1930) baséiert. Dës Phras staamt aus engem Feuilleton, an deem de Weber, wéi esou oft am Abreißkalender, dee wiesselenden Aspekt vum Himmelsbild beschreift. Momentopname vu Realitéiten, déi am Wandel sinn, sinn him genee esou wichteg wéi Ausféierunge vu gelieften oder verschwonnenen Traditiounen, oder och poetiséiert Beschreiwunge vu Landschaften a Stadbiller. D’Phras „Ich sage, wie ich es sah“ kennzeechent déi Ausdrocksweis, déi dem Weber säi Feuilletonswierk am kloerste charakteriséiert. Si zeechent de Versuch, d’Onmëttelbarkeet vum Erliewen an der Festegkeet vun der textueller Äusserung ze iwwerliwweren. Erfuerdernisser vun dëser erzielerescher Onmëttelbarkeet sinn d’Subjektivitéit vun der Erzielperspektiv an d’Sentimentalitéit als Strategie vun der Verständlechmaachung. D’Sentimentalitéit ass e komplext Phänomen am Abreißkalender a spillt eng wichteg Roll an der Beschäftegung mat dësem Korpus, well si souwuel eist Liesempfannen wéi dat vu viregte Generatioune fundamental determinéiert huet. Si ass deemno ëmmer a multiple Sënner e primären Analysgéigestand beim Abreißkalender: Wéi a firwat setzt de Weber Sentimentalitéit geziilt an? Wéi e Potenzial a wéi eng Gefor kënne vun dëser Sentimentalitéit ausgoen? Wéi füügt se sech an an den Diskurs vun der Heimat- an Nationalliteratur?
De virleiende Band reit sech an an eng laang Rezeptiouns- a Fuerschungsgeschicht zum Abreißkalender. Scho fréi koum et zu Initiativen, den Einweg-Charakter vun der Feuilletonsgattung an der gefestegter Form vum Sammelband opzefänken. An der Aleedung zu Jahreszeiten und Allerlei vun 1915, där éischter Feuilletonssammlung vum Abreißkalender, vum Weber selwer zesummegestallt, schwätzt hie vu sengem Widderwëllen, fir seng feuilletonistesch Momentopnamen a Buchform ze bréngen: „Daß sie jemals auf einem Bücherregal durch Jahre hindurch die Probe auf ihre Gedankentiefe bestehen sollten, war nicht beabsichtigt“ (Weber 1915, S. i). Bal genéiert weist hien op d’Opfuerderungen, e Sammelband erauszeginn, hin, déi hien zënter Joren ereechen: „Also! kurzum: Von zahlreichen Freunden und Bekannten aufgefordert, habe ich mich entschlossen, dieses Buch herauszugeben“ (ibid, i). D’Selektioun vu Feuilletonen erschéngt ouni Datum an an thematesch organiséierte Sektiounen, wéi d’Nimm vun de Joreszäiten oder „Allegro“. Aplaz vun hirem Datum kréien se en Titel, verléiere sou de Charakter vun der Momentgebonnenheet a kréien dee vun zäitloser Fiktioun. Weider Sammelbänn gi vum Tony Jungblut erausbruecht: Abreißkalender (1939), Luxemburg (1944), Von Tag zu Tag (1946). An dëse Bänn hunn d’Feuilletonen en Titel, sinn awer och datéiert. Den Evy Friedrich gëtt 1977 dem Weber seng Sammlung Jahreszeiten und Allerlei nei eraus a komplettéiert se mat engem Regëster (vgl. Weber 1977). Dem Cornel Meder seng Editioun vun 1999 besteet aus enger Selektioun vun Abreißkalender-Feuilletone mat kontextualiséierendem Bildmaterial a säi Buch Abreißkalender1933 ass eng éischt thematesch organiséiert Sammlung.
Den Abreißkalender ass zënter den 1970er Joren zu engem Fuerschungsobjet ginn, deen inventoriséiert, konsultéiert an analyséiert gouf. De Grondstee vun dëser Recherche gouf vum Cornel Meder geluecht mat der Sammlung vum vollstännegen Abreißkalender-Korpus duerch d’Nationalarchiven. An enger éischter Phas a Form vu Fotokopien a Classeuren an an enger zweeter Phas mat CD-ROMe konnt de Korpus eng éischte Kéier accessibel gemaach ginn. Der Sylvie Kremer-Schmit hir Repertorien zum Abreißkalender an zwee Bänn vun 2002 hunn et méiglech gemaach, de risege Korpus produktiv ze navigéieren, an eng fokusséiert Recherche erlaabt (vgl. Kremer-Schmit 2002). An der drëtter Phas vun der Opschaffung gouf vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft eng Transkriptioun vun allen Texter virgeholl, déi bis dohinner nëmmen a Frakturschrëft konnte gelies ginn, an si sinn an eng Datebank integréiert ginn an där se kënnen duerchsicht ginn. Säit 2018 sinn dem Batty Weber seng iwwer 7.000 Abreißkalender-Feuilletonen an digitaler an duerchsichbarer Form accessibel: https://battyweber.uni.lu. D’Stéchwuertsich mécht et méiglech, dem Weber seng gedanklech Villfalt, seng argumentativ Progressioun, wéi och seng Widderspréch a Meenungsännerungen ze retracéieren.
Wat d’Analys an d’Interpretatioun vum Abreißkalender ugeet, setzt d’Danielle Hoenen-Gaasch 1977 e wichtegt Zeeche fir d’Recherche. Hir Etude fokusséiert sech op d’Period vun 1913-1918 an ënnersicht „die Verhältnisse, die politischen und kulturellen Ereignisse, das Land, die Leute“, wéi de Weber se am Abreißkalender duerstellt. Si brécht mat de Sammelpraktiken, déi bis dohi beléift waren, nämlech „das ‚Beste‘ aus dem ‚Abreißkalender‘ herauszudestillieren und gesondert zu betrachten“, an insistéiert, datt den Abreißkalender als Korpus nëmme ka verstane ginn, „wenn man auch weniger Vollendetes, Ungereimtes, Unlogisches oder Widersprüchliches in die Untersuchung mit einbezieht“ (Hoenen-Gaasch 1977, 5). Dës Approche erlaabt eng wichteg Erkenntnis: Obwuel ee fir den Abreißkalender-Korpus Tendenzen a Musteren an der Thematik, der Expressioun, der Ästhetik oder der kulturpolitescher Meenung vum Feuilletonist ka feststellen, ass et oft schwéier, eng eendeiteg Positionéierung ze erfaassen. De Weber gräift spezifesch Themegebitter oft mat groussem Ofstand op, ännert seng Meenungen a Prioritéite liicht oder och drastesch oder léisst verschidden Interessen ganz falen. Den Abreißkalender mécht a senger Widderspréchlechkeet däitlech, datt en Auteur ni op eng eenzel Positioun sollt reduzéiert ginn, mee d’Inkohärenz am Gesamtwierk soll erkannt ginn. Wéi ech a viregten Etudë scho bemierkt hat, gëtt zum Beispill dem Weber säin Artikel „Über Mischkultur in Luxemburg“ vun 1909 oft fir seng Oppenheet zu enger méisproocheger Identitéit gelueft, och wann den Abreißkalender iwwert d’Jore weist, datt hien och kritesch iwwert d’sproochlech Kompetenze vun de Lëtzebuerger geduecht huet. Sou ass et an der Betruechtung vun engem Korpus vun inhärent an zäitlech disparate Kuerztexter, wéi d’Hoenen-Gaasch kloer gemaach huet, wichteg, och méi schwéier ze kategoriséierend Texter, wéi z.B. déi Feuilletonen, déi een der Kategorie „Plauderei“ kéint zouuerdnen, ze consideréieren, an eng historesch Positioun anzehuelen, déi e Spektrum vu Meenungen an Äusserungen betruecht.
D’Contributeuren vun dësem Band sinn a verschiddene Felder vun de Geeschteswëssenschaften aktiv—Literaturwëssenschaft, Sproochwëssenschaft, Computerlinguistik, Stadgeschicht, Konschtgeschicht, Reliounsgeschicht, al Geschicht, Architekturgeschicht, Technologiegeschicht—sou wéi och am Journalismus an an der Literatur. D’Bäiträg gruppéieren sech an dräi graff Kategorien, déi sech natierlech iwwerschneiden:
- Den Abreißkalender aus enger literaturwëssenschaftlecher Perspektiv: Stil, Sentiment, Genren, Theemen, literatursoziologescht Virgoen
- Den Abreißkalender als historesch Quell: Wat seet eis de Feuilleton iwwert d’Liewen zu Lëtzebuerg an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert?
- Aktivismus a Poleemik am Abreißkalender: Wéi positionéiert sech de Batty Weber a gesellschaftleche Froen?
Déi éischt Sektioun bréngt Artikelen zesummen, déi sech den Theemen, dem Stil an der Kritik unhuelen, déi sech am Abreißkalender manifestéieren, an duerch déi de Weber seng Influenz am kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg etabléiert huet.
Der Mylène Branco hiren Artikel analyséiert d’Geflecht vun de Metapheren, duerch dat de Weber seng Reflexiounen zur Gesondheet a Krankheet vun der Natioun artikuléiert. Sou weist si, datt de Weber d’Biller vun de Saisonen an hire Faarwen asetzt, fir säi Verständnis vun enger gesonder nationaler Identitéit däitlech ze maachen. D’Branco weist, wéi de Weber de Raum vun der Natur zu Lëtzebuerg mat deem imaginäre Raum vun der bildhafter literarescher Sprooch a Verbindung bréngt, fir esouwuel säi patrioteschen Enthusiasmus ze deelen, wéi och Kritik ze äusseren. Dëst Ufankskapitel bréngt eng fundamental Eegenschaft vum Weber sengem feuilletonistesche Schreiwen an de Vierdergrond: d’Literarizitéit, déi agesat gëtt, fir konkreet Problemer op nationalem an internationalem Niveau unzeschwätzen.
Och mäin eegent Kapitel befaasst sech mat enger opfälleger Charakteristik vum Weber sengem Feuilleton, nämlech mat där staark ausgepräägter Sentimentalitéit am Ausdrock an an der Ausso, déi hien oft asetzt, fir de Lieser ze erreechen an zu enger Identifikatioun oder enger Meenungsännerung ze beweegen. Dës Sentimentalitéit, déi op där enger Säit uspriechend ass fir de Lieser, ass och ee vun de Faktoren, déi dem Abreißkalender säi Status als historesch Source komplizéiert maachen, well de Weber net duerchgängeg Objektivitéit ustrieft. A mengem Kapitel ënnersichen ech d’Buchbespriechung, eng Form déi am Abreißkalender oft virkënnt. Ech konzentréiere mech hei op seng Rezensioune vu literareschen an historiografesche Wierker vu Lëtzebuerger Auteuren an ënnersichen den Asaz vun der Sentimentalitéit am Stil als ideologesche Mobilisateur.
De Computerlinguiste Peter Gilles an Alistair Plum hiert Kapitel ënnersicht mat enger innovativer computergestëtzter Approche d’Metapheren, Metonymien a Vergläicher, déi de Batty Weber a senge Feuilletone vun der Zäit vum Éischte Weltkrich asetzt. Si exploréieren, wéi textgenerativ Technologien d’Praktike vum Close Reading vun der Duerstellung vun der Krichsthematik ënnerstëtze kënnen. Si diskutéieren d’Vir- an d’Nodeeler vum Asaz vu GPT-Modeller an der Literaturwëssenschaft a setzen den Abreißkalender als Fallbeispill an.
D’Literaturwëssenschaftlerin Jeanne E. Glesener ënnersicht d’Manéier, an där de Batty Weber duerch den Abreißkalender op d’literarescht Feld zu Lëtzebuerg agewierkt huet. Si konzentréiert sech an hirem Kapitel op dem Weber seng Stiliséierung vum Dicks als kulturellen Hellegen, deem et gelongen ass, d’Lëtzebuerger Wiesen ze beschreiwen an em Form ze ginn. Wéi och d’Branco an d’Millim, weist d’Glesener, wéi de Weber d’Literatur als Fundament vun der Natioun gesäit a geziilt Gefiller ausléise wëllt mam But, d’Natioun ze formen.
Déi zweet Sektioun vun dësem Band betruecht den Abreißkalender als historesch-literaresch Source, déi eis et erlaabt, Abléck an den Zeitgeist vun der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg ze kréien, sou wéi och an d’Entwécklung vum Weber sengen Attitüden an Erwaardungen. D’Bäiträg approchéieren de Weber als e richtungsweisende Kommentator, deen d’sozio-politesch a kulturell Gewuessenheet vum Lëtzebuerger Kontext ëmmer verschränkt mat internationalen Tendenze gesäit. Den Apport vun dësen Ënnersichungen besteet souwuel an den Informatiounen iwwer gesellschaftlech Acteuren, déi d’Gesellschaft an d’Morphologie vu Lëtzebuerg geformt hunn, wéi och am Verständnis fir d’ideologesch Dynamiken, déi sech zu Lëtzebuerg gekräizt hunn.
De Konschthistoriker Edmond Thill weist, wéi heefeg de Batty Weber sech am Abreißkalender mam Wierk vu Lëtzebuerger Kënschtler auserneesetzt, wéi hien sech fir de Respekt vun eenzele Moler, wéi dem Joseph Kutter, agesat huet, a wéi hien zur Kulturpolitik vun der Eyschen-Regierung stoung, ënnert där z. B. d’Dicks-Lentz-Monument entstanen ass. De Weber stécht eraus als e Beobachter a Kenner vu multiple Generatioune vun Acteuren an der Konschtzeen: souwuel Kënschtler wéi och Galeristen a Journalisten. Den Abreißkalender ass dem Thill no eng eenzegaarteg Quell, déi d’Konschtfeld vun der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert opliewe léisst a senge groussen Tendenzen, awer och an den Detailer vum Alldag. Den Thill ënnersträicht, datt de Weber sech ni als Konschtkritiker duergestallt huet, genee wéi en sech a senge Feuilletonen iwwer Literatur net als Literaturkritiker verstanen huet. Wéi den Thill weist, huet de Weber e séchert Gefill fir Qualitéit bewisen a sech kategoresch vun de Kritiker distanzéiert, besonnesch wann et ëm d’Avant-garde gaangen ass.
Den Architekturhistoriker Robert L. Philippart erfuerscht dem Batty Weber seng Astellung zu urbanisteschen Decisiounen an hire groussen Zich, wéi dem Denkmalschutz an dem Wunnengsbau, awer och a prakteschen oder ästheeteschen Detailer, wéi de Gréngflächen, der Stadbeliichtung an dem Verkéier. Wann de Philippart den Abreißkalender als historesch Quell asetzt, ënnersicht hien d’Relatioun vun Architektur, Urbanismus an Identitéit.
Wéi dem Thill a Philippart, ass och dem Mëttelalterhistoriker Martin Uhrmacher dru geleeën, den Abreißkalender als Sprangbriet an d’Vergaangenheet—als Zäitfënster—ze notzen. De Fokus vu sengem Artikel läit op deene sëllege Spadséiergäng, déi de Weber noerzielt an déi eng zentral Textzort a sengem Abreißkalender duerstellen. Mathëllef vum digitale kartografeschen Tool Luxatlas, deen den Uhrmacher a säin Team zesumme mat der Stad Lëtzebuerg entwéckelt hunn, rekonstruéiert hien déi visuell Realitéit, wéi de Weber se misst erlieft hunn. De Luxatlas beinhalt Stadpläng, erklärend Texter a Fotoen, duerch déi den Uhrmacher zwee Spadséiergäng nogestallt huet. Duerch d’Parallelliese vun de fotografeschen a kartografesche Quellen aus dem Luxatlas an de Feuilletonen aus dem Abreißkalender weist den Uhrmacher d’Rasanz vun de Verännerunge vum Stadbild duerch d’Urbaniséierung an dem Weber seng Reaktiounen doropper.
Dem Journalist, Historiker an Auteur Jérôme Quiqueret säi Bäitrag approchéiert sech dem Abreißkalender op eng innovativ Manéier. De Quiqueret beschreift a sengem Kapitel, wéi hien den Abreißkalender an och de Personnage Batty Weber a sengem rezente präisgekréinte Roman Tout devait disparaître: histoire véridique d’un double meutre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l’été 1910 vun 2022 (mëttlerweil a senger 6. Editioun) agesat huet. De Muerdprozess, deen zentral ass fir dem Quiqueret säi Roman, huet an den 1910er-Joren och de Weber beschäftegt, an, wéi den Abreißkalender weist, war hien och Spectateur am Geriichtssall. Seng Beschreiwunge vum Accuséierten am Abreißkalender erlaben et dem Quiqueret, dem Weber seng Attitüd zum Kriminellen an engem internationale Kontext anzeuerdnen. Geméiss dem historesche Moment kënne seng Iddien zum „Verbrechertypus“ mat deene vum Cesare Lombroso (1835-1909) a Verbindung bruecht ginn, oft connectéiert mat nationalisteschem Denken.
D’Alhistorikerin Andrea Binsfeld hëlt sech an hirem Artikel der Duerstellung an der Metaphoriséierung vun der Sklaverei am Abreißkalender un. Si illustréiert, datt et am Abreißkalender eng Rei preferéiert Metaphere gëtt, op déi de Weber widderhuelt zréckgräift, fir seng Argumentatiounen ze ënnermaueren, déi op déi al Geschicht zréckginn, wéi z. B. der Keeserin Kleopatra hiren Ëmgang mat Sklaven. Dëst Bewosstsi fir d’Altertum beweist dem Weber seng Educatioun a säi kulturellen an historeschen Horizont, deen hien asetzt, fir zäitgenëssesch Problematiken ze beschwätzen.
Wann och de Weber e bekannte Personnage an Auteur ass, ass relativ wéineg iwwert seng politesch Orientatioun gewosst. D’Bäiträg vun der drëtter Sektioun exploréieren dem Weber seng Positionéierung a reliéisen, politeschen a kulturelle Froen.
De Sproochesoziolog Fernand Fehlen ënnersicht den Abreißkalender aus sproochgeschichtlecher Siicht. Hie weist, wéi fir de Weber Sprooch an Natioun verbonne sinn a kontextualiséiert seng Sproochattitüden am Hibléck op d’kulturell a politesch Ëmstänn, ënnert deenen se entstane sinn. De Fehlen illustréiert, wéi de Weber sech positionéiert tëschent Däitschland- a Frankräich-orientéierten Iddie vum Zesummespill vu Staat a Sprooch (ius sanguinis vs ius solis) an hieft dem Weber seng Versich, Lëtzebuerg linguistesch ze definéieren, ervir. Als Pionéier an der ‚Deitungselitt‘ vun der Lëtzebuerger Dräisproochegkeet etabléiert de Weber d’Lëtzebuergescht als eigentlech Sprooch vun de Lëtzebuerger an engem dräisproochege Kontext. Wann de Weber d’Konzept vun der Mammesprooch opgräift a weiderentwéckelt, fir d’Lëtzebuerger Eegestännegkeet ze verteidegen, esou weist dësen Artikel awer och dem Weber säi widderspréchlecht Wanken tëschent Ofwäertung an Affektioun fir d’Lëtzebuergescht.
D’Historikerin Sonja Kmec illustréiert dem Weber seng widderspréchlech Attitüden zur organiséierter Relioun. Si beschreift dem Weber seng Positioun am ‚Kulturkampf‘, deen de Klerikalismus géint de Liberalismus opstellt, als déi vun engem Verteideger vum Individualismus, dee kloer Änlechkeeten tëschent dem Faschismus an der organiséierter Relioun gesäit. Och wann de Weber der Kierch géigeniwwer kritesch agestallt ass an dëst am Abreißkalender kloermécht, ginn et Momenter an deenen hien sech hir uschléisst, wéi zum Beispill a senger Fuerderung vum Verbuet vun der kommunistescher Partei am Kontext vum spuenesche Biergerkrich oder vum Maulkuerfgesetz.
D’Literaturwëssenschaftlerin Myriam Sunnen ënnersicht dem Weber seng Positioun zu den opkommenden Iddie vun Naturschutz mat Bléck op ekokritesch Theorien. Vill Lieser fillen sech ugesprach vum Weber senge passionéierte Protester, wa Beem ëmgehae ginn. D’Sunnen situéiert dem Weber seng Konzeptualiséierung vun der Ofholzung als Mord am Kontext vum intellektuelle Milieu zu Lëtzebuerg, sou wéi an der Geschicht vun der Ofholzung an der Holzkonsommatioun. D’Sunnen beschäftegt sech och mam emotionellen Attachement u Beem an dem Asaz vum Bam als Metapher am Abreißkalender.
De Literaturwëssenschaftler Yorick Schmit konzentréiert sech op Konzeptioune vum Progrès am Weber senge Feuilletonen, besonnesch wann et ëm d’Duerstellung vun der Automobilitéit, der Acceleratioun a modernen Identitéitsentwërf geet. Baséiernd op dem Foucault sengem Konzept vun der Heterotopie tracéiert de Schmit dem Weber seng Depictioune vun der Abiergerung vum Auto an d’Gesellschaft, d’Faszinatioun vun der Geschwindegkeet an déi graduell Akzeptanz vum Accident. Och de Schmit stellt eng charakteristesch Ambiguitéit fest: De Weber schwankt tëschent Faszinatioun a Kritik, wann et ëm d’Presenz, an déi wuessend Dominanz vum Auto geet.
Literaturverzeechnes
- De Toffoli, Ian. „L’Œuvre dramatique de Batty Weber“. Batty Weber: Werk und Wirkung, erausgi vum Anne-Marie Millim. Centre national de littérature 2017, S. 190-247.
- Gilbertz, Fabienne. „‚Er war mit der Zeit zu einem Begriff geworden‘. Zur Konstruktion der Figur Batty Weber“. Batty Weber: Werk und Wirkung, erausgi vum Anne-Marie Millim. Mersch 2017, S. 26-56.
- Hoenen-Gaasch, Danielle. Studien zu Batty Webers „Abreißkalender“ von 1913 bis 1918 [Onverëffentlecht Typoskript]. Esch-Uelzecht 1977.
- Kremer-Schmit, Sylvie. Repertorien zum Abreißkalender 1913-1940, 2 Bänn. Archives nationales, 2002.
- Marson, Pierre. „Batty Weber“. Luxemburger Autorenlexikon, Aktualiséiert den 7. Mäerz 2025. https://www.autorenlexikon.lu/page/author/179/1791/DEU/index.html. Zougrëff den 1. Mee 2025.
- O.A. „Batty Webers nationales Lebenswerk“. Obermosel-Zeitung 59 (276), 25. November 1939, S. 2.
- Weber, Batty. Jahreszeiten und Allerlei: Abreißkalender 1913/1914. Bück, 1915.
- Weber, Batty. „Über Mischkultur in Luxemburg“. Münchner Neueste Nachrichten. Beilage, 20. Januar 1909, S. 121-124.
- Weber, Batty. Gesammelte Werke: Abreißkalender 1. Erausgi vum Evy Friedrich. Edouard Kutter, 1977.
- Weber-Brugmann, Emma. Unterwegs: Begegnungen. Linden, 1960.